Tëscht dem Freiden- a Samschdemëtten: Am Westen deels markant Reenzomme méiglech

An de leschte Modell-Leef gouf ëmmer erëm d’Méiglechkeet vu markante Reenzomme berechent, dat awer haaptsächlech just fir den äussere Weste vun eisem Land.

Advertisement

Indirekten Afloss vum Orkan iwwert de britteschen Inselen

Vum massive Stuermfeld gi mir zwar net getraff, an awer wäert d’Kalfront vum Déif vum Freidemëtten un iwwert eis leien. Se zitt net vu West no Ost, mee se “schläift”. Dëst Schläife suergt dann dofir, dass et punktuell begrenzt däitlech méi ka reene, wéi soss an der Ëmgéigend. Zousätzlech gëtt fir d’Nuecht op e Samschden och nach mat engem Randdéif gerechent, wat weidere Reen géif op Lëtzebuerg bréngen.


De méigleche Verlaf vun der Kalfront & dem Randdéif | Animatioun: wxcharts.com

Déi méi grob opgeléist Globalmodeller ECMWF a GFS gesi keng all ze markant Reenzommen, iwwerdeems et haaptsächlech déi héichopléisend Modeller aus der ICON-Famill esouwéi och de Super-HD vu Kachelmannwetter sinn, déi besonnesch fir den äussere Weste vum Land d’Warscheinlechkeet vu potenziell warnrelevante Reenzomme gesinn – zumindest wann een vun der Warnschwell ausgeet, déi bei 30 l/m²/24 Stonne läit. Besonnesch direkt un der Grenz ginn Zomme vun tëscht 30 a 35 l/m² berechent, am Ëmfeld dovun (a liicht méi wäit ëstlech) sollen et tëscht 15 a 25 l/m² sinn.


Beräich, an dem d’Warnschwell vun 30 l/m²/24h PUNKTUELL kéint iwwerschratt ginn | Grafik: Météo Boulaide

De Fazit ass also, dass bis ewell haaptsächlech déi héichopléisend Modeller e potenziellt Iwwerschreide vun der Dauerreen-Warnschwell fir den äussere Weste fënnt, besonnesch fir de Weste vum Kanton Réiden a Nordweste vum Kanton Capellen. Déi hei ofgebillt Kaart weist awer nach e liicht méi verallgemengiséiert Warscheinlechkeetsbild. Deemno wéi et sech bis muer de Moie virunentwéckelt, reagéiere mir no den dann aktuellen Donnéeë mat engem Wiederhiweis an/oder enger Warnung vum Niveau 1/3.