Thema Schnéi: Déi méiglech Terminer fir dës Woch

Nach sinn déi kill Loftmasse net bei eis ukomm, mee dat wäert sech vun den Owend un änneren. Dann kënnt och d’Thema Schnéiwarscheinlechkeet an d’Spill, woubäi ee sech, wéi gesot, net ze vill däerf erhoffen.

Advertisement

Kuerzfristeg, spontan, geleeëntlech…

… esou kann een déi meteorologesch Situatioun aktuell, hisiichtlech vu méiglechem Schnéifall, aktuell beschreiwen. De Grond: Mir hunn et mat enger Rëtsch Randdéifer ze dinn, déi an der Meteorologie als zimmlech schwéier anzeschätze gëllen. Zumools wann et ëmt e Phänomeen wéi Schnéi geet, wou d’Zutaten exakt musse passen, gëtt et op eemol schwiereg, wann X-Modeller komplett ënnerschiddlecher Meenung sinn. Zwar bezéie mir eis an dësem Artikel och op e puer Modellrechnungen, mee et sief ze betounen, dass och de “Nowcast” eng Roll spillt – dorënner versteet een d’Beschreiwung vun dem, wat am Moment an der Atmosphär geschitt a wouhin et sech verlagert.

D’Signaler op wéinstens e bësse Schnéi an de Modeller

Vum Owend u gëtt et vu Nordwesten hier séier méi kal, ronderëm 22 Auer sollten d’Temperaturen do uewen just nach tëscht 1 an 3 Grad bedroen. An de Stonnen drop breet sech d’Keelt och iwwert dem Rescht vum Land aus, d’Muselgéigend ass fir d’lescht un der Rei.


D’Berechnungen vum franséischen AROME-Modell fir den Owend | Grafik: wxcharts.com

Déi meescht Modeller rechnen zwar domat, dass eis wärend dëser Phas, an där et méi kill gëtt, keng Nidderschléi mei géifen ustoen. E puer eenzelner sinn awer der Meenung, dass nach ganz vereenzelt e puer liicht Schauere kéinten dobäi sinn, tendenziell am Nordwesten. Sollt dat esou antreffen, da géif de Nidderschlag op deene Plazen a Form vu Schnéireen a Schnéi falen. Ob dës Schaueren entstinn, muss een einfach per Radar matverfollegen – also Nowcast.


D’Berechnungen vum franséischen ARPEGE-Modell bis an d’Nuecht op en Donneschden (akkumuléiert Schnéiquantitéit) | Grafik: wxcharts.com

Muer um Mëttwoch erreechen d’Temperaturen e Maximum vun tëscht 1 an 3 Grad am Nordweste vum Land, soss sinn et meeschtens tëscht 3 a knapp 5 Grad. Nennenswäert Nidderschlagsquantitéite si net mat dobäi, an awer ginn et vu verschiddene Modeller erëm liicht Undeitungen dorop, dass sech fläit awer punktuell mol eng Schnéi- oder Schnéireenschauer kéint entwécklen. Dës kleng Warscheinlechkeet zitt sech nach bis an déi fréi zweet Nuetshallschent eran.

Och den Donneschde gëtt kniffleg

En Donneschden zitt e Randdéif südlech un eisem Land laanscht. Fir d’Modeller ass et awer nach onkloer, mat wéi enger Distanz. Zitt de Kär ongeféier op enger Linn Tours -> Zürich duerch, da kënnen eis eventuell nennenswäert Schnéischaueren dovun erreechen, tendenziell esouguer de Süde vum Land.


Ob eis de Schnéi en Donneschden iwwerhaapt erreecht? | Animatioun: wxcharts.com

De Gros vun de Modeller gesäit et awer knapp laanschtzéien, wat erëm e gréisser Fragezeichen ergëtt. Also, och dës Kéier erëm: Radar am Aen halen.

De Fazit

Och e Freiden ass d’Warscheinlechkeet vun eenzelne Flacke net null, mee mir mierken, dass d’Modeller grad keng kloer Sprooch schwätzen. Villes entscheet sech spontan, ebe per Beobachtungen a Real Time. Ausgeschloss ass et awer op kee Fall, well sech d’Temperature stänneg ëm an ënnert dem Geféierpunkt beweegen.

Och ouni Schnéi kann et glat ginn: An de Nuechte gëtt et fraschteg, wat dozou ka féieren, dass et och zu glate Stroosse ka kommen – zumools duerch d’Nätzt aus de leschte Stonnen.