Trend: De Summer bleift weiderhin, eenzel Schlied méigleg

Déi waarem Temperature bleiwen zu Lëtzebuerg, och wann demnächst am Allgemenge méi Fiichtëgkeet an der Loft leie wärt.

Fiichtwaarem Loftmasse bestëmmen eist Wieder

Am Géigesaatz zu leschter Woch sinn d’Loftmassen e besse méi fiicht ginn a wärten daat och nach an dëser Woch bleiwen. D’Temperaturen, déi Werter vu bis zu 30 Grad a lokal driwwer ereeche kënnen, wärte sech also nach e Stéckche méi waarem ufillen (Humidex).

Ufanks der Woch wärt et déi meecht Zäit zu engem Mix aus Sonn a Wollécke kommen. Um Méinde besteht just e gerénge Risk vu Schaueren an Donnerwiedere, soudass et éichter drëche bleiwe sollt bei 26 bis 31 Grad. Den Dënschde klammen d’Temperature net méi grad esou wäit, waat un enger méi héiger Wahrscheinlechkeet vu Schlied läit. Et bleift awer ëmmerhi gutt summerlech waarem.


Mëtt der Woch bleift et da rem éichter drëchen, iwwerdeems deele sech Sonn a Wollécke rem den Himmel. D’Sonn wärt awer d’Iwwerhand hunn an eis Temperature vu 25 bis 29 Grad um Mëttwoch an eventuell souguer bis zu 33 Grad um Donnësche besuerge kënne. Déi aktuell Modeller si sech eenëg, dass de Risk vu méi groussflächëgen Donnerwiederen ab dem nächste Weekend däitlech klamme wärt, daat bei gréisseren Temperaturschwankungen.

Weider Aussiichten

Waat de weideren Ausbléck ugeet ass keng gréisser Ännerung ze gesinn. Och wann et phaseweis kleng Ënnerbriechunge ginn, ginn ëmmer rem summerlech bis héichsummerlech Loftmassen op Lëtzebuerg geschëppt, déi eis Temperature vu 25 bis deels iwwer 30 Grad brénge kënnen. Tëschenduerch besteht och alt mol de Risk vun engem lokalen Donnerwieder. Um Ensemble ass dëst besser siichtbar:

Kaart: meteociel.fr

Vir dës kleng “Ennerbriechunge” méi däitlech ze maachen, hei d’Animatioun vun den Temperaturen aus annerhalwem Kilometer Héicht:

Kaart: WXCHARTS.eu