Trend: Méi naass, mee vill ze waarem

Ufanks der Woch gouf schon drop opmierksam gemaach, dass ab Mëtt der Woch, also haut, d’Temperature lues awer sëcher rem an den iwwerduerchschnëttlech héige Beräich klamme wärten. Ufanks Dezember kéint dës Anomalie awer méi markant ausfaale wéi ufanks ugeholl.

Lues a lues…

Dobausse gëtt et ab haut méi gro an och méi naass wéi mir daat an de leschten Deeg gesinn hunn. Haut an um Donnëschde wärt et déi meecht Zäit gro sinn, dobäi reent et ëmmer rem. D’Temperature losse sech awer net groussartëg dovunner beandrocken a klamme souguer. Iwwerdems et haut um Mëttwoch maximal 3 bis 6 Grad sinn, sinn et den Donnëschde scho 7 bis 10 Grad. De Wand bléist nëmme liicht spierbar aus Süd-Südoste mat Spëtzte vun ëm 30 bis 40 km/h.

Um Freide bleiwe vill Wollécken um Himmel, mat Chance kënnt sech d’Sonn awer weisen. Et reent net méi grad sou vill wéi um Mëttwoch an um Donnëschden, méiglegerweis och guer net. Ab dem Samsde soll et dann awer scho rem méi naass ginn.

Gréisser Temperaturanomalie

Och wann et méi naass gëtt, setzt sech den Trend vun den Temperature fort: An der neier Woch sollen aktuelle Modellrechnunge no rem iwwer 10 Grad am Dag ereecht ginn. Et gëtt zwar lëftëg, soudass sech daat ganzt net grad esou waarem ufille wärt. Gleeft een dem amerikanësche GFS-Wiedermodell, da läit d’Temperaturanomalie um Sonndë bei +8 Grad. An der neier Woch, sou ab dem Dënschde, soll se tëschen 8 a souguer 13 Grad pendlen.

E Bléck op den Ensemble verréit eis, dass et naass, mee mëll an den Dezember eragoe wärt. Et besteht nach eng grouss Onsëcherheet, mee bleiwen d’Kaarten esou wéi elo, da géifen d’Temperaturen a Richtung Mëtt Dezember kontinuéierlech zréckgoen. Waat wanterlëcht Wieder ugeet gesäit et also weiderhi ganz schlecht aus.

De Laangzäitmodell CFS vum amerikanësche Wiederdéngscht NOAA rechent ëmmer nach mat vill ze waarme Wanterméint. Usech sinn d’Simulatiounen onverännert, just soll de Reendefizit no a no ausgeglach ginn. Dëst ass keng Prognos, mee eng Aschätzung vun der NOAA. En détailléierten, aktualiséierten Artikel dozou kënnt ufanks Dezember.

GEFS Ensemble (meteociel.fr)