Tropewieder: Tropestierm RENE a PAULETTE hu sech um Atlantik forméiert

Déi atlantesch Hurrikansaison steiert lues a lues op hire Maximum duer. Um Atlantik hu sech an Tëschenzäit erëm zwee Tropestierm forméiert.

Aus enger tropescher Depressioun huet sech de 7. September 2020 géint 11 Auer en Tropestuerm forméiert, dee gëschter mat séngem Zentrum iwwert déi kapverdianesch Inselen ewechgezunn ass. De System läit de Moment (Stand 08.09.2020 – 21:44 Auer) knapp westlech vun den Inselen an ass an Tëschenzäit en Tropestuerm. An der Moyenne bléist de Wand mat 64 km/h, an de Spëtzte ginn 80 km/h areecht. An de nächsten Deeg zitt de Stuerm weider a Richtung Nordwesten a soll den Donneschden Hurrikanstäerkt areechen. Op séngem Wee läit kee Land, et ass also méiglech dass de Stuerm sech schon ufanks nächster Woch opléise kéint.


Grafik: National Hurricane Center

Net wäit westlech vum Tropestuerm RENE huet sech de 7. September 2020 géint 05 Auer moies d’tropesch Depressioun mam Numm PAULETTE forméiert, wat zanter dem 8. September 2020 11:00 Auer moies als Tropestuerm klassifizéiert ass. An der Moyenne areecht de Stuerm Wandvitesse vun 105 km/h, an de Spëtzten ass de Wand mat 121 km/h ënnerwee. An de nächsten Deeg beweegt sech de System weider a Richtung Weste bis Nordwesten, sollt awer dem National Hurricane Center no en Tropestuerm bleiwen a séch net zu engem Hurrikan verstäerken.


Grafik: National Hurricane Center