Tropewieder: Den 31sten Tropestuerm huet sech forméiert – an et gesäit net gutt aus

Den 31sten Tropestuerm vun der atlantescher Hurrikansaison huet sech forméiert. Ufanks nächster Woch soll en als staarken Hurrikan op Nicaragua an Honduras treffen.

Rekord-Hurrikansaison geet virun

Den Atlantik erlieft dëst Joer eng Rekord-Hurrikansaison. Bis ewell goufen 31 Tropestierm gezielt, esou vill wéi nach a kengem Joer virdrun. De neie Stuerm, den IOTA, soll esouguer rem ee vun de méi staarke Systemer ginn.


De weidere Parcours vum IOTA | Grafik: nhc.noaa.gov

De Momnet läit den IOTA matten iwwert dem karibesche Mier an ass mat engem Mëttelwand vu 64 km/h a Wandstéiss vu bis ëm 80 km/h nach als Tropestuerm ënnerwee. Spéitstens de Sonnde soll dat änneren, da soll de Stuerm en Hurrikan vun der éischter Kategorie op der Saffir-Simpson Skala ginn. Duerch ënnert anerem déi héich Waasseruewerflächentemperatur virun de Küsten vu Nicaragua an och Honduras ass mat enger séierer Intensivéierung ze rechnen. Wéi de National Hurricane Center et gesäit, soll de Stuerm ufanks der nächster Woch als Major Hurricane u Land goen. E “Major Hurricane” beschreift en Hurrikan, deen eng stäerkt vun op mannst der drëtter Kategorie opweises huet. Dat entsprécht gemëttelte Wandvitesse vun op mannst 178 km/h, an de Spëtzten däitlech driwwer.

D’lescht Woch den Dënschden ass den Hurrikan ETA schonn am Nicaragua u Land gaang an huet schwéiere Schued hannerlooss. Den IOTA soll, sou de momentane Modellrechnunge no, nëmmen e klengt Stéckche méi wäit nërdlech u Land goen.