Tropewieder: Den aussergewéinleche Parcours vum ETA

Zanter dem 31. Oktober u schonn ass den Tropestuerm an Ex-Hurrikan ETA ënnerwee. An de nächsten Deeg soll en eng véiert Kéier u Land treffen.

De Parcours bis ewell

De System vum ETA ass schonn zanter dem 31. Oktober aktiv; matten iwwert dem Karibesche Mier huet sech deemols d’tropesch Depressioun entwéckelt, dat mat gemëttelte Wandvitesse vu 56 kmh. An de Spëtzte goufe Maximalwäerter vu 72 km/h areecht. Mat gemëttelte Wandvitesse vun ëm 64 km/h a Stuermstéiss vun 80 km/h ass den ETA den 1. November 2020 en Tropestuerm ginn. Nodeems e sech weider a Richtung Westen, op Nicaragua duer, bewegeegt huet, huet en u Kraaft gewonn. Schonn den 2. November 2020 war et en Hurrikan vun der éischter Kategorie op der Saffir-Simpson Skala. An der Moyenne huet de Wand mat 121 km/h geblosen, an de Spëtzte war e mat 145 km/h dobäi. Net mol e ganzen Dag duerno ass de Stuerm eng markant Intensivéierungsphas duerchlaf, an där e sech zu engem Hurrikan vun der zweethéchster Kategorie weiderentwéckelt huet. An der Moyenne goufe Wandvitesse vun 233 km/h areecht, an de Spëtzte ware Vitesse vun 282 km/h dobäi. Um Owend vum 3. November 2020 ass den ETA südlech vu Puerto Cabezas am Nicaragua u Land gaang an huet schwéiere Schued hannerlooss. Um fréie Moie vum 4. November ass de Stuerm schonn e gutt Stéck iwwer Land gewiescht a war ëmmer nach en Hurrikan vun der éischter Kategorie. Tëscht dem 4. an dem 6. November ass de Stuerm iwwer Honduras ewechgewandert a war nëmme nach eng tropesch Depressioun.


De Parcous vum ETA vun Ufank un bis haut | Source: wunderground.com

Zréck um Waasser

Vum 6. November u war den ETA zréck um Waasser an huet sech bis de 7. November a Richtung Cayman Islands verlagert. Op sengem Wee huet sech de Stuerm vun enger tropescher Depressioun zréck an en Tropestuerm weiderentwéckelt, dat mat maximale Wandstéiss vun 80 km/h. Am Virmëtte vum 8. November ass de Stuerm mam Zentrum op Kuba getraff, dat mat Wandvitesse vun an der Moyenne 105 km/h an an de Spëtzten 121 km/h. Iwwer Land huet e sech erëm ofgeschwächt, mee dës Kéier minimal. Schonn am Nomëtte vum 8. November war de Stuerm schonn erëm um Waasser an huet eng nërdlech bis nordwestlech Zuchrichtung ageschlo. Di nächst Destinatioun sollt Florida sinn. Um fréie Moie vum 9. November ass de Stuerm iwwer d’Florida Keys ewechgezunn. Vun do aus huet e sech a Richtung Nordweste weiderverlagert an ass vun der Intensitéit hier méi oder manner d’selwecht bliwwen. Den ETA ass an Tëschenzäit am ëstleche Golf vu Mexiko ukomm a beweegt sech fir de Moment net besonnesch séier vu Plaz. En “eeërt” hin an hier.


De weidere Parcours vum ETA | Grafik: nhc.noaa.gov

Den ETA soll nach eng Kéier a Florida u Land goen

Sou wéi di aktuell Wiedermodeller an och de National Hurricane Center et gesinn, soll de Stuerm an de nächsten Deeg weider a Richtung Nordnordost zéien. Ënner kenger all ze grousser Verstäerkung soll den Tropestuerm ETA den Donneschdenowend knapp südlech vu Cedar Key a Flordia u Land goen. Domat wier et de véierte Landfall vun dem engen a selwechte Stuermsystem.