Tropewieder: Den ETA war erëm kuerz en Hurrikan, zitt elo iwwer Florida ewech

No enger ganz laanger Rees ass den ETA elo kuerz viru Schluss awer nach eng Kéier kuerz en Hurrikan ginn.

Aktuelle Stand

Den Tropestuerm ETA huet e ganz laangen a chaotesche Wee hannert sech. Méi doriwwer fannt Dir an dësem Artikel. Den ETA ass de Moment erëm en Tropestuerm a läit genee westlech vun Tampa, Florida (Stand: 12.11.2020 – 03:35 Auer eiser Zäit) an zitt an de nächste Stonne weider a Richtung Nord-Nordosten. E soll ongeféier bei Yankeetown u Land goen, dat mat maximale Wandstéiss vun ëm 120 km/h an enger méisseger Stuermflut. Den Donneschdemëtte soll de System iwwer Jacksonville erëm op den oppenen Atlantik erauszéie fir dann do definitiv lues a lues dem Enn vun enger zimmlech laanger Karrière entgéintzekucken.


De weidere Parcours vum ETA | Grafik: nhc.noaa.gov

Kuerzzäiteg erëm Hurrikan

Ier den ETA Florida méi no komm ass, huet e sech nach eng Zäitchen iwwert dem waarme Golf vu Mexiko opgehalen. Do konnt e sech kuerzzäiteg erëm an en Hurrikan vun der éischter Kategorie op der Saffir-Simspon Skala intensivéieren, dat mat enger gemëttelter Wandvitesse vun 121 km/h a Spëtzte vun ëm 145 km/h. Dat war den 11. November géint 16 Auer, schonn nëmmen dräi Stonne méi spéit war et erëm nëmme nach en tropesche Stuerm.