Tropewieder: Den Hurrikan DELTA zitt elo an de Golf vu Mexiko

Gëschter um Mëttwoch ass den Hurrikan DELTA iwwert den Oste vun der Hallefinsel Yucatán ewechgezunn. Elo geet et weider iwwert de Golf vu Mexiko a Richtung US-amerikanesch Golfküst.

System gëtt nëmme kuerz méi schwaach

Den Hurrikan DELTA ass um Mëttwoch iwwer Yucatán ewechgezunn. Wéi et ze erwaarde war, huet sech de Stuerm iwwer Land markant ofgeschwächt. Mee och schonn virdrun, ier d’Aen vum Stuerm iwwerhaapt u Land war, ass de System vun engem Hurrikan vun der véierter Kategorie op déi drëtt Kategorie erofgesat ginn. En ass dunn mat gemëttelte Wandvitesse vun 185 km/h a Wandstéiss vun 225 km/h bei Puerto Morelos u Land getraff an huet du séier u Kraaft verluer.


De Stuerm verstäerkt sech duerch eng Wasseruewerflächentemperatur vun tëscht 25 a 29 Grad op ee Neits iwwert dem Golf vu Mexiko | Grafik: nhc.noaa.gov

De Stuerm läit de Moment knapp nërdlech vu Yucatán an zitt bis an den Donneschdenomëtten era nach a nordwestlech Richtunge virun. Duerno ännert e seng Richtung op Nord a kuerz drop op Nordost – wéi déi momentan Modellrechnungen et gesi soll de System de Freidemëtten un der Küst vum US-Bundesstaat Louisiana u Land goen. Dëst warscheinlech als Hurrikan vun der drëtter Kategorie, ier sech de System kuerz nodeems en u Land getraff ass séier ofschwäche sollt. Och wann de Wand ofhëlt, wäert de Stuerm markante Reen mat sech brengen: den europäesche Modell ECMWF rechent fir d’Ëmgéigend vu Lake Charles (Louisiana) Reequantitéite vun tëscht 100 an 250 l/m² an Zäit vu nëmme 24 Stonnen, den amerikanesche Modell GFS ass bal där selwechter Meenung.