Tropewieder: D’PAULETTE mécht viru Portugal d’Kéier

Den Tropestuerm PAULETTE, deen de 15. September säi Maximum als Hurrikan vun der zweeter Kategorie areecht huet, war vum 16. bis den 22. September just nach e schwaache Stuerm matten um Atlantik. An Tëschenzäit huet sech de System erëm “réaniméiert”.

Den Tropestuerm PAULETTE huet ee wäite Wee hannert sech: de 7. September war et mat engem duerchschnëttleche Wand vu 56 km/h a Spëtzte vun ëm 72 km/h nach eng tropesch Depressioun (Standuert: 17.00°N 41.50°W) a konnt sech bis den 13. September 2020 zu engem Hurrikan vun der éischter Kategorie op der Saffir-Simpson Skala verstäerken. An der Moyenne si Wandvitesse vun 121 km/h gemooss ginn, an de Spëtzte bis 145 km/h. Mat engem Mëttelwand vun 153 km/h a Spëtzte bis 193 km/h huet de System sech de 14. September als Hurrikan vun der zweeter Kategorie gewisen. Déi stäerkt Phas vum Stuerm ass ugaangen: tëscht dem 14. September 11:00 Auer bis de 15. September 2020 05:00 Auer waren e Mëttelwand vun 169 km/h a Spëtzte bis 201 km/h virzefannen (kuerz nodeems en iwwer Bermuda ewechgezunn ass). De 16. September 2020 war de Stuerm en aussertropesche Stuerm mat gemëttelte Wandvitesse vun 137 km/h a Spëtzte vun 169 km/h.


D’PAULETTE wäert wuel ni portugisescht Festland areechen | Grafik: nhc.noaa.gov

De Stuerm huet sech doropshin weider ofgeschwächt an ass méi oder manner aus dem Fokus geroden. Elo, den 22. September 2020, ass d’PAULETTE souzesoe vun den Doudegen operwächt. En huet sech an engem Environnement mat tropesche Konditiounen erëm zu engem Tropestuerm verstäerkt, dat mat enger gemëttelter Wandvitesse vu 97 km/h a Spëtzte bis 113 km/h. An Tëschenzäit, also elo wou dësen Artikel hei grad geschriwwe gëtt, ass en zwar ëmmer nach en Tropestuerm, mee huet sech erëm e Stéck ofgeschwächt. An de Spëtzte si nach maximal 80 km/h dran, de Stuerm sollt all Moment erëm als aussertropescht Déifdrockgebitt gekennzeechent ginn. De System zitt op Portugal duer, mee wäert wäit virun der Küst, ongeféier op der Héicht vu Madeira mee just nach vill méi wäit nërdlech dovun, d’Kéier maachen. De Berechnunge no soll sech de Stuerm bis de Freiden e gutt Stéck westlech vu Madeira opléisen.