Tropewieder: Hurrikan DELTA trëfft um Freidenowend op Louisiana

Nodeems den Hurrikan DELTA iwwer d’Hallefinsel Yucatán ewechgezunn ass, ass en elo iwwert dem Golf vu Mexiko ënnerwee. Haut trëfft de Stuerm am US-Bundesstaat Louisiana u Land. Titelbild: CBS News

Erëm liicht Intensivéierung iwwert dem Golf vu Mexiko

Den Hurrikan DELTA huet sech de 5. Oktober 2020 südwestlech vun Jamaika zu engem tropesche Stuerm entwéckelt a war nëmmen een Dag drop, de 6. Oktober 2020 um 20 Auer en Hurrikan vun der véierter Kategorie op der Saffir Simpson-Skala. An der Moyenne war de Wand mat 225 km/h ënnerwee, an de Spëtzte goufe souguer 282 km/h areecht. Op sengem weidere Wee a Richtung Yucatán huet e sech dunn erëm bëssen ofgeschwächt an huet kuerz virun der Küst nach Spëtzte vun 225 km/h generéiert. Ier de System un der Hallefinsel, am Beräich Puerto Morelos, u Land gaang ass, ass en op en Hurrikan vun der zweeter Kategorie erofgestuuft ginn. An der Moyenne huet e nach mat 177 km/h geblosen, an de Spëtzte war de Wand nach mat 225 km/h ënnerwee. Iwwer Land konnte nach Wandstéiss vu bis zu 201 km/h festgestallt ginn.


Satellitefilm vum Hurrikan DELTA mat Wollekentop-Temperatur | Animatioun: tropicaltidbits.com

Zanter dem 7. Oktober ass de Stuerm erëm iwwert dem oppene Waasser ënnerwee, nämlech iwwert dem Golf vu Mexiko. Duerch dat waarmt Uewerflächewaasser, wat eng Temperatur vun tëscht 26 an 28 Grad huet, huet sech den DELTA erëm intensivéiert. Um Moie vum 8. Oktober 2020 war de Stuerm just nach en Hurrikan vun der éischter Kategorie – an Tëschenzäit ass en erëm op déi zweet Kategorie eropgestuuft ginn, mat Wandvitesse vun 169 km/h an der Moyenne a Spëtzte vun 201 km/h.

De weidere Parcours

An de nächste Stonnen ass ze erwaarden, dass de System seng Zuchrichtung op Nord ännert a kuerz drop op Nord-Nordost – iwwerdeems soll den DELTA erëm kuerz en Hurrikan vun der drëtter Kategorie ginn. Wéi de National Hurricane Center et gesäit, soll de Stuerm de Freidenowend géint 19 Auer (Zäit zu Louisiana) als Kategorie 2 oder 1 Hurrikan knapp ëstlech vu Cameron u Land goen. Den europäesche Wiedermodell ECMWF rechent dobäi mat Wandspëtzte vun ëm 170 km/h, den däitschen ICON mat 180 km/h, den amerikanesche CONUS mat 195 km/h an de britteschen UKMO mat 210 km/h.


De weidere Parcours vum Hurrikan DELTA | Grafik: nhc.noaa.gov

Am Beräich vu Lake Charles sollen dem europäeschen ECMWF no Reequantitéite vun tëscht 150 an 250 l/m² an Zäit vu nëmme 24 Stonnen zesummekommen. Den däitschen ICON rechent méi wäit ëstlech mat bis zu 215 l/m². Mat aberechne muss een och nach d’Stuermflut, déi de Stuerm mat sech u Land dréit. Net wäit vun der Küst ewech solle nach Wellenhéichte vun ëm 5 Meter areecht ginn, dagsiwwer sinn et der um Mier nach bis zu 11,5 Meter.