Tropewieder: Hurrikan DELTA verstäerkt sech rasant

De 4. Oktober huet sech d’tropesch Depressioun mam Numm DELTA an der Karibik westlech vun Haiti forméiert an ass sech elo amgaangen séier zu engem zolitten Hurrikan ze forméieren.

Rasant Intensivéierung

D’Saison vun den Tropestierm & Hurrikanen war bis ewell zimmlech aktiv. D’Nimm, déi d’Stierm kréie, si schonn am Viraus festgeluecht. Nom Hurrikan WILFRED, dee sech den 20. September 2020 opgeléist huet, waren all d’Nimm, déi fir d’Joer 2020 virgesi ware schonn verginn. A sou Fäll geet et mat griichesche Nimm virun: de Stuerm DELTA ass also schonn de véierte Stuerm deen iwwert déi normal Nimm erausgeet.


Den Hurrikan DELTA ass ënner Verstäerkung um Wee op Yucatán | Grafik: nhc.noaa.gov

Den DELTA ass mëttlerweil e “Major Hurricane” vun der véierter Kategorie op der Saffir Simpson-Skala, dat mat Wandvitesse vun 209 km/h an der Moyenne an 225 km/h an de Spëtzten. E läit knapp west-südwestlech vun de Cayman Islands an zitt séier a Richtung Nordwesten virun. E gëtt muer de Moien un der Nordküst vu Yucatán erwaart, dat méiglecherweis als high-end Kategorie 4-Hurrikan. Eenzel Modellrechnunge wëllen och en Hurrikan vun der 5ter Kategorie net ausschléissen. Wéi ëmmer bei esou Stierm ass mat gréissere Reequantitéiten ze rechnen. Wéi et awer schéngt, sinn op Yucatán vergläichsweis niddreg Quantitéiten ze erwaarden. Tëscht 50 an 200 l/m² sollen erofkommen – oft kënnt bei Stierm vun där selwechter Stäerkt méi wéi dat duebelt erof.

Nom Besuch op der Hallefinsel zitt de Stuerm weider an de Golf vu Mexiko eran, wou e sech virdéischt viraussiichtlech e bëssen ofschwäche wäert. E soll sech op e Kategorie 3-Hurrikan ofschwächen fir an den Deeg drop méiglecherweis erëm als Kategorie 4-Hurrikan zréckgestuuft ze ginn. Wéi déi momentan Modellrechnungen et gesinn, soll den DELTA de Weekend tëscht Louisiana a Mississippi u Land goen.