Tropewieder: Hurrikan EPSILON bleift iwwer oppenem Atlantik

De System vum Hurrikan EPSILON, dee sech de 19. Oktober forméiert huet, wäert seng Rees um Atlantik fortsetzen.

EPSILON bleift um oppene Mier

Den Hurrikan EPSILON ass de Moment en Hurrikan vun der drëtter Kategorie a produzéiert Wandvitesse vun an der Moyenne 185 km/h, an de Spëtzte ginn 225 km/h areecht. An de nächsten Deeg zitt de System weider a Richtung Nordwest bis Nord-Nordwest a passéiert tëscht dem Donneschdenowend an dem Freidemoien d’Bermudainselen – den Hurrikan zitt ëstlech dovu laanscht. De National Hurricane Center huet awer mol eng Tropestuermwarnung fir Bermuda erausginn. Um Freidenowend resp. um fréie Samsdemoie geschitt eppes interessantes.


De weidere Parcours vum Hurrikan EPSILON | Animatioun: wxcharts.com

Duerch d’Azorenhéich an de Support vun engem séier zéiendem Déifdrockgebitt iwwert dem amerikanesche Kontinent gëtt den Hurrikan EPSILON rasant a Richtung Nordatlantik katapultéiert, wou en zu engem aussertropesche Stuermdéif gëtt. Sou wéi d’Wiedermodeller et gesinn, ergänzen dat séier zéiend Déifdrockgebitt an de System vum EPSILON e scho bestoenden Déifdrocksystem iwwert dem Nordatlantik – et entsteet e grousst an intensivt Déif, wat ufanks der nächster Woch südwestlech vun Island leie wäert. Den amerikanesche GFS berechent e Kärdrock vu nëmmen 927 hPa, den europäeschen ECMWF 915 hPa. Dëst ass schonn uerdentlech, mee kënnt ëmmer erëm mol vir.