Tropewieder: Hurrikan ZETA zitt iwwer Yucatán ewech an hëlt Louisiana an d’Viséier

An der Nuecht op den Dënschden ass den Hurrikan ZETA op d’Hallefinsel Yucatán getraff. An de nächsten Deeg soll de Stuerm, dee séier virunzitt, erëm Louisiana an d’Viséier huelen.

Fir d’éischt Yucatán, dono Louisiana

De System vum elo Hurrikan ZETA huet sech de 24. Oktober 2020 bei de Cayman Islands forméiert an ass gëschter, de 26. Oktober, zu engem Hurrikan vun der éischter Kategorie op der Saffir-Simpson Skala ginn. An Tëschenzäit (Stand 27.10.2020 – 02:28 Auer) befënnt sech den Hurrikan mat séngem Kär knapp virun der Hallefinsel Yucatán a soll iergendwou tëscht Tulum an Akumal u Land goen. E produzéiert Wandvitesse vun an der Moyenne 129 km/h, an de Spëtzte ginn 161 km/h areecht. Dem europäesche Wiedermodell ECMWF no solle Reequantitéite vun tëscht 60 an eppes iwwer 150 l/m² an Zäit vu nëmme 24 Stonne vun uewen erofkommen. Den amerikanesche GFS rechent mat änlechen Zommen. Iwwerdeems en iwwer déi besot Géigend zitt, kéint et sinn, dass sech de Stuerm bëssen ofschwächt.


De Parcours vum Hurrikan ZETA iwwer déi nächst Deeg gekuckt | Grafik: nhc.noaa.gov

System mécht sech op de Wee op Louisiana

Nodeems sech de Stuerm méiglecherweis e bëssen iwwer Yucatán ofgeschwächt huet, sollt op séngem Wee a Richtung US-Küst duerch déi héich Waasseruewerflächentemperaturen am Golf vu Mexiko erëm u Kraaft gewannen. Simuléiert gëtt zwar, dass den ZETA net méi staark wéi en Hurrikan vun der éischter Kategorie sollt ginn, mee eventuell kéint dat nach no uewe korrigéiert ginn. Schonn den Donneschde soll de Stuerm am Bundesstaat Louisiana ukomme, fir genee ze sinn am Caillou Bay. Den europäeschen ECMWF rechent mat Wandspëtzte vun ëm 220 km/h. Wat de Reen betrëfft falen d’Berechnunge net méi grad esou héich aus: den ECMWF rechent mat Quantitéite vun tëscht 50 an 110 l/m², bal d’selwecht wéi de GFS. Wéi ëmmer bei tropesche Wirbelstierm kënnt am Endeffekt awer och nach de Faktor Stuermflut dobäi.