Tropewieder: IOTA kéint Kategorie 4-Hurrikan ginn an trëfft erëm op Nicaragua

Réischt ufanks November ass den Hurrikan ETA als Kategorie 4-Stuerm am Nicaragua u Land gaang. Elo, zwou Woche méi spéit, soll den IOTA erëm di selwecht Géigend treffen. Titelbild: Ibrahim Rifath

Schonn erëm Nicaragua

D’Saison vun den atlantesche Wirbelstierm 2020 ass déi aktivst déi et jee gouf. Den Hurrikan IOTA ass den 31ste Stuermsystem, dee sech bis ewell forméiert huet. En huet sech den 13. November 2020 iwwert dem karibesche Mier forméiert an ass den Dag drop zu engem Hurrikan vun der éischter Kategorie op der Saffir-Simpson Skala ginn. An der Moyenne huet de Wand deemols mat 121 km/h geblosen, an de Spëtzte war e mat 161 km/h ënnerwee. Op sengem Wee iwwert déi waarm Gewässer a Richtung Westen huet sech den IOTA séier verstäerkt an ass an Tëschenzäit en Hurrikan vun der zweeter Kategorie. E generéiert gemëttelt Wandvitesse vun 161 km/h a packt et an de Spëtzten op 185 km/h. En zitt an de nächste Stonne weider a Richtung Nordwesten a soll sech séier op déi zweet Kategorie verstäerken. Geet et de Modellrechnungen an de Berechnunge vum National Hurricane Center no, da soll de Stuerm den an der Nuecht op den Dënschden am Nicaragua u Land goen – nëmmen e klengt Stéck méi wäit nërdlech wéi den ETA am Ufank vum Mount. Et gëtt mat engem Kategorie 4- Hurrikan gerechent, dat mat extreme Wandstéiss vun ëm 250 km/h.


De weidere Parcours vum IOTA | Grafik: nhc.noaa.gov

Nieft dem Wand bréngt de Stuerm eng meterhéich Stuermflut an extrem Reequantitéite vun tëscht 90 an deels ëm 250 l/m² a nëmme 24 Stonne mat séch.