Tropewieder UPDATE: IOTA trëfft als Kategorie 5 Hurrikan op Nicaragua

Den Hurrikan IOTA ass an de leschte Stonnen eng staark Intensivéierung duerchgaang. An de kommende Stonne soll en als extrem geféierlechen Hurrikan vun der fënnefter Kategorie am Nicaragua u Land goen.

Zweete staarken Hurrikan an Zäit vun zwou Wochen

Den Hurrikan IOTA ass den zweete staarken Hurrikan, deen an Zäit vun zwou Wochen am Nicaragua wäert u Land goen. En huet sech an Tëschenzäit an en Hurrikan vun der fënnefter an héchster Kategorie op der Saffir-Simpson Skala verstäerkt a produzéiert an der Moyenne Wandvitesse vun 257 km/h. Vun den Hurricane Hunters vun der NOAA goufen Orkanstéiss vun 314 km/h festgestallt. Dem National Hurricane Center no soll sech de Stuerm net méi weider ofschwächen an esou an der kommender Nuecht knapp südlech vu Puerto Cabezas u Land goen. Nieft dem extremem Wand sinn och extrem Reequantitéite vun iwwer 250 l/m² an Zäit vu 24 Stonnen ze erwaarden, wéi och eng 4 bis 7 Meter héich Stuermflut.


Satellitebild vum 16.11.2020 – 17:14h vum Kat-5-Hurrikan IOTA | Animatioun: tropicaltidbits.com

Dësen Artikel ass en Update vum Artikel iwwert de Stuerm vun haut de Moien.


De weidere Parcours vum IOTA | Grafik: nhc.noaa.gov