Turbulente Freiden: Randdéif bréngt Stuermstéiss

Um Freiden zitt e Randdéif mat séngem Kär iwwert d’Nordspëtzt vun Däitschland a bréngt mat séngem Frontesystem méi mëll a méi naass Loftmassen op Lëtzebuerg. Den Haapteffekt dovunner ass awer de Wand.

Spëtzte vu bis zu 80 km/h net auszeschléissen

Vun de fréie Moiesstonnen un ass et scho richtëg ongemittlech dobaussen: et ass gro an et reent zäitweis méi zolitt. De Wand wärt am Laaf vum Moien a Virmëtten ëmmer méi spierbar ginn, ier en da kuerz viru Mëtte säi Maximum ereeche sollt. Vun do un kënne Spëtzte vu 60 bis 80 km/h net ausgeschloss ginn. Virun allem de méi staarke Reen ka vun den héchste Wandvitesse begleet ginn. Am Nomëtten ass mat enger liichter Ofschwächung ze rechnen, lëftëg bleift et awer ëmmerhin.

An der Nuecht op de Samsden kéint de Wand nachengkéier kuerz zouhuelen, den amerikanësche Wiedermodell rechent nämlech mat engem weidere klenge Stuermfeld. Ob dëst awer sou kënnt wéi de Moment simuléiert, muss nach gekuckt ginn. Op Facebook wärt Dir stännëg um Laafende gehaale ginn. Och hei op der Websäit wärten d’Wiederwarnunge stännëg um neiste Stand gehaale ginn. De ganzen Détail zum Weekend fannt Dir ënnert dësem Link.

Simulatioun vum Stuermfeld (GFS vu wxcharts.eu)

Eng Wiederwarnung Stuf GIEL viru STUERM ass aktiv