Turbulente Mëttwoch steet un

E Mëttwoch beweegt sech en Déif an eis Richtungen, waat un der Vierdersäit awer virdéicht nachengkéier méi waarem Loftmasse mat sëch brénge wärt.

Verlaaf vum Déif laut dem ARPEGE Modell (wxcharts.eu)

Geneeë Verlaaf vir déi nächst dräi Deeg:

Iwwerdeems et den Dënschde bei vill Sonn, wéinëge Wollécken a summerlëchen Temperature frëndlech ass, läit d’Déif, daat eis de Mëttwoch beschäftëge wärt, am Südweste vu Frankräich. Dëst klengt Déifdrockgebitt kënnt Lëtzebuerg am Laaf vum Mëttwoch ëmmer méi no, soudass mat däitlech méi onbestännëgem Wieder muss gerechent ginn.

Verschiddene Modellrechnunge no wärt den Zentrum vum Déif net wäit ewech vu Lëtzebuerg leien. Ier d’Groussregioun vun de Nidderschléi vum Déif getraff gëtt, schëppt dëst nachengkéier gutt waarem Loftmassen aus südleche Richtungen op Lëtzebuerg. Soumadde kënne nachengkéier ëm déi 25 Grad ereecht ginn. Spéitstens ab dem spéidere Nomëtten/Owend ass mat der Kaalfront ze rechnen, déi déi waarem Loftmasse rem aus dem Land verdrängt. Bei dësem Prozess besteht de Risk vun deels kräftëge Schaueren an Donnerwiedere, bei deene Knëppelsteng a staark Wandstéiss méigleg sinn. D’Modeller rechnen de Laafwee vum Déif verschidden, soudass een bis de Mëttwochmoie net richteg soe kann, iwwer wéieng Géigenden sech d’Risikogebitt erstrecke wärt. Soubaal et méigleg an och néidëg ass, gidd Dir per Virwarnung d’Détailer gewuer.

An den Deeg drop kënnt nach hei an do mol eng kuerz a kleng Schauer eroof, soss bleift et awer éichter drëchen. Méi dozu fannt Dir ënnert dësem Link.