Turbulente nächste Wochenufank méiglech: Stuerm oder vill Reen?

De Weekend iwwer setzt sech erëm héije Loftdrock duerch, mee dat nëmme fir eng kuerz Zäit. Am Ufank vun der nächster Woch kënnt den Déifdrockafloss zréck a kann deemno wéi fir turbulent Entwécklunge suergen. E spekulativen Iwwerbléck.

De Moment weisen d’Wiederkaarte vill interessant Zenarien. Sief et déi immens héich Temperaturen de Moment oder och e potenziellen Abroch vu kale Loftmassen an der éischter Hallschent vum Januar; et gëtt net langweileg. Och um kommende Méinden resp. Dënschde kéint sech Interessantes bei eis ofspillen.

Den europäeschen ECMWF an de GFS rechne mat engem Randdéif, wat vu Westfrankräich hier iwwert den Ärmelkanal a Richtung BeNeLux & d’Mëtt vun Däitschland zéie soll. E Randdéif ass en extrem klengräimegt Déifdrockgebitt, wat sech immens séier vu Plaz beweegt – de Grond, firwat se schwéier virauszesoe sinn, wéi mir et elo och geschwënn unhand vun zwee Modeller gesinn. Zur Optioun stinn de Moment Stuerm, oder awer och gréisser Reenzommen an Zäit vu nëmme 24 Stonnen.

GFS vs. ECMWF

Den amerikanesche Wiedermodell GFS ass där Meenung, dass d’Randdéif an der Nuecht op den Dënschden mat sengem Kär quasi genee iwwer Lëtzebuerg ewechzéie soll. Well esou e Randdéif säi Wand- resp. Stuermfeld südlech vu sech matdréit, géife mir net an dëst geroden. Vill méi hätte mir et dann mat intensivem Reen ze dinn, deen sech wärend e puer Stonnen iwwert eise Käpp ophale kann. Dobäi wiere vum Méindenomëtten un bis den Dënschdenowend Reequantitéite vun tëscht 15 a 25 l/m² ze erwaarden, lokal och mol 30 l/m². Dëst sinn elo keng immens markant Zuelen, mee et ass schonn eng Zäitchen hier, dass mir an der genannter Zäitspaan esou vill Reen haten. Den europäeschen ECMWF ass och mat gréissere Reenzommen dobäi a rechent mat änlechen Zommen.

Kaarten: wxcharts.com

Dat wierklech markant un dëser Wiederlag ass awer de Wand, deen vum europäesche Modell ECMWF e gutt Stéck anescht berechent gëtt wéi vum amerikanesche GFS. Iwwerdeems de GFS mat Wandspëtzte vu grad emol tëscht 50 a 65 km/h rechent, ass den ECMWF mat 70 bis 90 km/h dobäi – op de Koppen a wärend enger méi kräfteger Schauer wieren dësem Zenario no och mol bis zu 100 km/h oder liicht driwwer net ausgeschloss. Den entscheedenden Ënnerscheed: dem ECMWF no soll d’Randdéif nëmmen e puer 100 Kilometer nërdlech u Lëtzebuerg laanschtzéien, wouduerch mir an d’Stuermfeld gerode géifen. De GFS simuléiert, wéi gesot, de Kär vum Déif quasi iwwert eis; d’Stuermfeld géif deem no also südlech un eis laanschtgoen.

Fazit

Et ass tatsächlech eng potenziell interessant Entwécklung déi sech amgaangen ass, zesummenzebrauen. Opgrond vun de gréisseren Onsécherheete kann een awer nach net weider an den Detail goen, Ball flaach halen.