Ukënnegung: De nächste Schratt fir Météo Boulaide

Dëst ass eng Ukënnegung iwwert de nächste Schratt vu Météo Boulaide.

Météo Boulaide ass schonn laang kee klenge Projet méi. Eppes wat 2009/2010 als Hobby ugefaangen huet, ass haut mäin Haaptberuff. D’Zil ass et, d’Leit esou genee et geet iwwer d’Wieder an virun allem och d’Geforen ze informéieren. Duerch de Release vun der App virun engem Joer ass parellel och den Internetsite immens gewuess – méi wéi ech mir et hätt kënne virstellen.

Dat klengt schéin a gutt, an awer ass net ëmmer alles esou flott wéi et no baussen eventuell wierkt. Am Liewe ginn et Héichten an Déiften, an eng vun den Déiften waren Ëmstänn, déi net a menger Muecht louchen – et geet em ErnzerMedia, meng éischt Firma déi 2020 gegrënnt gouf. Alles wat bleift ass d’Experienz, et waren immens léierräich Méint.

Wéi Dir mech awer kennt, sinn ech keen, deen direkt opgëtt. Dofir hunn ech e neie Projet lancéiert, dat zesumme mat engem jonke Lëtzebuerger Entrepreneur. De Christophe Steichen huet mat senger Firma MisFitted an Tëschenzäit eng etabléiert Marque zu Lëtzebuerg opgebaut a verfüügt iwwert de néidege Knowhow fir Météo Boulaide op deen Punkt ze bréngen, deen uersprénglech geplangt war. Iwwert déi lescht Joren hu mir zwee schonn e puer Projeten zesummen am Hannergrond realiséiert, an dat ëmmer mat Succès a Passioun.

Mat der neier Firma, ClearSky Solutions, steet fir den Ufank haaptsächlech den Ausbau vun der App am Fokus – Äre Feedback steet nämlech schonn ze laang op fir ëmgesat ze ginn. Dat dréit dozou bäi, de Service vu Météo Boulaide ëmt e Villfaches ze verbesseren an esou nach méi effizient viru meteorologesche Geforen ze warnen. Doriwwer eraus sti nach eng Rëtsch aner Projeten um Plang, iwwert déi mir eis schonn freeën, an Zukunft méi driwwer ze erzielen.

Um neien Internetsite gitt Dir méi gewuer: clearsky.lu

Mir kucke mat Zouversiicht an d’Zukunft an et freet mech, dass Dir mech weiderhin op mengem Wee begleet. Merci fir alles wat bis elo war a fir dat, wat nach kënnt.