Um Donneschdemëtten: Partiell Sonnendäischtert iwwer Lëtzebuerg

Um Donneschdemëtte kënnt et déi éischt Kéier zanter sechs Joer erëm zu enger partieller Sonnendäischtert.

Partiell Sonnendäischtert

Bei der Sonnendäischtert vum 10. Juni 2021 handelt et sech bei eis heiheem ëmt eng partiell Däischtert. Dat heescht, dass sech de Mound nëmmen deelweis virun d’Sonn drécke wäert. Eng réngfërmeg Sonnendäischtert gëtt et méi wäit ewech vun eis: an Deeler vu Kanada, Grönland, Russland, dem nërdlechen Asien an och der Arktis gëtt et däitlech méi spektakulär. Fir eng total Sonnendäischtert ass de Mound de Moment ze wäit vun der Äerd fort.


D’Däischtert vum Beispill Sylt | Grafik: sonnenfinsternis.org

Wat heescht dëst fir Lëtzebuerg? Ongeféier vun 11:30 Auer un dréckt sech de Mound lues a lues virun d’Sonn, ier géint 12:30 Auer de Maximum vun der partieller Däischtert erreecht gëtt. Bei eis zu Lëtzebuerg wäert d’Sonn nëmmen ëm 11 bis 13% vum Mound bedeckt ginn, ier d’Däischtert um 13:30 erëm eriwwer ass. Verdäischteren deet sech den ieweschte Rand vun der Sonn.

Obwuel d’Sonn nëmmen zu engem klengen Deel bedeckt gëtt, gëtt geroden, awer net mam bloussen Aen an d’Sonn ze kucken mee mat engem geegnete Schutzbrëll.

D’Wieder

Iwwerdeems déi partiell Sonnendäischtert hire Laf hëlt, wäerten zu Lëtzebuerg nëmmen e puer eenzel Wolleken ënnerwee sinn. A Richtung Schluss vun der Däischtert ass d’Tendenz awer liicht zouhuelend.