Um Donnëschdemoie lokal glaat duerch Schnéifall

Ier ët méi mëll gëtt, gëtt ët an de nächste Stonne mol rëm vir eng kuerz Zäit méi wanterlëch.

Am Laaf vum fréie Moie zéie Nidderschléi an d’Land eran, déi duerch déi déif Temperaturen als Schnéi eroofkomme kënnen. D’Werter leien zwëschen -1 an 1 Grad. Am Virmëtten klammen d’Temperaturen, soudass de Schnéi lues awer sëcher a Schnéireen an dann a Reen iwwergeet. Zwëschenduerch ka lokal nët ausgeschloss ginn, dass ë bësse Glëtz eroofkënnt. Bis de Mëtten kann ët glaat ginn, ier duerno de Risk dovunner definitiv ofhëllt. D’Wiederhinweiser vir Är Géigende fannt Dir hei.