Um Mëttwochowend: Polarliichter an eise Breeten observéiert

Wéi de Weekend ugekënnegt, stinn d’Chancen op Polarliichter an eise Géigenden de Moment guer net esou schlecht. Zu Schleswig Holstein an Däitschland si flott Opname gelong.

Den Donneschden, 28. Oktober 2021 huet sech e Sonnestuerm ereegent, deen an Tëschenzäit och op d’Magnéitfeld vun eiser Äerd trëfft. Iwwerdeems an der vergaangener Nuecht besonnesch iwwer Alaska intensiv Polarliichter ze bestaune waren, ass et och an eise Breeten fir Siichtungen duergaangen – dëst awer gréisstendeels just fotografesch, also per Spigelreflexkamera. Obschonns d’Wieder net ganz matgespillt huet, konnten se beispillsweis zu Schleswig Holstein tëscht de Wollekelücke fotograféiert ginn.

An der kommender Nuecht sinn esou Siichtunge weiderhi méiglech, mee d’Wieder wëll net esou richteg matspillen. Et bleift einfach meeschtens bedeckt duerch Wolleken a Niwwelfelder.

Video vu Reussenkoog, Schleswig Holstein

D’Oplëschtung vu weidere Siichtungen aus Däitschland fannt Dir hei.