Update: Aktuell Modeller rechne fir de Weekend mat Schnéi & Stuerm

Dës Woch kënnt net nëmmen de Wanter zréck op Lëtzebuerg, mee et gëtt och am Allgemenge méi turbulent duerch en opfrëschende Wand.

Et kéinte méi turbulent Zäiten ustoen

Wéi schonn am leschten Update betount, besteet a Richtung Enn der Woch de Risk vun den engen oder anere méi leftegen resp. stiermeschen Entwécklungen. De Grond dofir ass staarken Déifdrockafloss.

Iwwerdeems et schonn vun elo un bis de Weekend zäitweis méi lefteg ka ginn, kucke mir awer elo haaptsächlech op eng potenziell méi markant Phas de Weekend. Do leet sech nämlech de Modeller GFS & ECMWF no en Déifdrockgebitt iwwert déi brittesch Inselen, wat och bei eis zu Lëtzebuerg fir stiermësch Entwécklunge suerge kann. Geet et dem GFS no, da kéinte mir et um Sonndenowend mat stiermesche Wandstéiss bis Stuermstéiss vun tëscht 70 a 90 km/h ze di kréien. Och den europäeschen ECMWF ass där Meenung, dass et kéint stiermesch ginn: berechent gi Spëtzte vun tëscht 70 a knapp 100 km/h. An der Nuecht op de Méinde soll de Wand dann erëm däitlech ofhuelen.


Nieft dem ECMWF an dem GFS rechent och den ICON mat potenziellem Stuerm fir de Weekend | Grafik: wxcharts.com

Wärend dëser Wiederlag solle mir et ëmmer nach mat polare Loftmassen ze dinn hunn, dobäi soll et zäitgläich zu Schnéifall kommen. Duerch de potenziell stiermesche Wand & de méigleche Schnéi wieren op alle Fall geféierlech Stroosseverhältnisser duerch Schnéiwicken ze erwaarden.


Iwwerdeems d’Modeller mat stiermeschem Wand rechne, soll sech zäitgläich dozou och nach Schnéifall dozougesellen | Grafik: wxcharts.com

Nach ass et fir konkret Aussoen ze fréi – et ass nach net an dréchenen dicher! Ech halen Iech heizou um Lafenden.