Muer kënnt et an eiser Groussregioun erëm zu Donnerwieder. De Schwéierpunkt läit och dës Kéier net all ze wäit ewech vun eis, wouduerch mir dat alles also e bësse méi genee am Aen halen.
D’Situatioun
Och dës Kéier ass erëm en Déifdrockgebitt am Raum vun de britteschen Inselen fir d’Donnerwiederlag verantwortlech. Dëst Déifdrockgebitt schéckt eis fir e Samsdenowend eng Kalfront entgéint, mee schonn am Virfeld kënne sech an der Groussregioun Nidderschléi an dorënner och deels méi kräfteg Donnerwieder forméieren. Lëtzebuerg läit och dës Kéier erëm net ganz am Fokus, an awer spillt sech dësen erëm net all ze wäit ewech vun eis heiheem of.
De Verlaf
Aktuell héichopléisend Modeller gesi fir Lëtzebuerg schonn vum fréie Moien un d’Chance op Reen, deen aus Frankräich opgezu kënnt. Dësen ass net besonnesch groussflächeg an trëtt éischter lokal op. A Richtung Virmëtte klëmmt och den Donnerwiederrisk, wat heescht, dass et dann schonn net kann ausgeschloss ginn, dass eenzel Donnerwieder zu Lëtzebuerg oder an eisem Raum optrieden. Dës Warscheinlechkeet zitt sech bis an de Nomëtten eran, ier et dann awer südlech vun eis erëm méi interessant gëtt.
Momentanem Stand no si sech ëmmer méi héichopléisend Modeller driwwer eenz, dass et vum spéidere Nomëtten un am äusserste Nordoste vu Frankräich an dem Südweste vun Däitschland duerch eng besser Iwwerlappung vun der Hiewung, der Wandscherung an dem bëssen Energie déi zur Verfügung steet zu méi zolitten Entwécklunge komme kann. Déi dozou gehéiereg Gefore wiere lokaale Staarkreen, Knëppelsteng an och schwéier Stuermstéiss, deels och mol iwwer 100 km/h. D’Bildung vun eenzelne Superzellen ass méiglech, esouguer en eenzelnen Tornado kann an dësem Beräich net ausgeschloss ginn.
Firwat musse mir dat am Aen halen?
Jo, de Fokus läit net onbedingt um Lëtzebuerger Land. An trotzdeem sief gesot, dass d’Positiounen vun den eenzelne simuléierten Zelle vun de Modeller net 1:1 an d’Realitéit iwwersetzbar sinn. Well d’Grenz vun de méi kräftege Phänomener erëm esou no laanscht eis geet, ass een op der gewonnener Säit wann een dat Ganzt awer mol am Aen hält.
Et sief awer och nach gesot, dass et och méi kräfteg Schaueren an Donnerwieder ginn, déi net onbedingt eng Warnschwell erreechen. Net all Zell déi muer op Lëtzebuerg kënnt ass also als Onwieder oder warnrelevant unzegesinn. Wéi genee et ofleeft gesi mir zesumme muer am Laf vum Dag.
Am Laf vum Owend geet den Donnerwiederrisk an eise Géigenden definitiv zréck.