Verständlecherweis gëtt sech vill op d’Méiglechkeet vun den éischte Flacke vun der Saison konzentréiert, mee d’Stuermpotenzial ass och net ze vernoléissegen. Mat Pech kéint et méi uerdentlech ginn.
Advertisement
Turbulent Wiederlag – mee wat heescht dat eigentlech?
Wéi am Update vu gëschter beschriwwen, ass et an Tëschenzäit jo sécher, dass mir et mat der turbulenter Wiederlag ze di kréien, déi mir de 7. November eng éischt Kéier thematiséiert haten. Mee wat heescht an dësem Kontext iwwerhaapt “turbulent”? Mir geroden ënnert en Déifdrockkomplex, deen mat sengen Zentren iwwer Skandinavien läit. Zur selwechter Zäit ass iwwert den Azoren héije Loftdrock um Wierk, deen e grousse Géigesaz duerstellt. Genee tëscht dësen zwee géigesätzlechen Drockgebitter verleeft an de nächsten Deeg de sougenannten “Jetstream” – e Band aus staarkem Wand, wat sech an enger Héicht vun 8 bis 12 Kilometer befënnt.
Wéi an de leschten Deeg erkläert, entstinn un der Südflank vum groussen Déifdrockkomplex ëmmer erëm kleng Déifer. Dës kënnen dann den Jetstream als Autobunn benotzen, iwwert déi se mat grousser Vitesse iwwert Deeler vun eisem Kontinent ewechzéien. Wéi an engem Kulang kënne sech an dësem Beräich och spontan ëmmer erëm entweder nei Randdéifer forméieren resp. schonn bestoender kënne sech verstäerken – wat och en Afloss op hir Wandfelder huet. D’nächst Woch iwwer wäerten also lauter Déifdrockgebitter iwwert eist Wieder bestëmmen, déi net nëmmen déi polar Loftmassen a Richtung Lëtzebuerg bréngen, mee och de Risk vu stiermeschen Entwécklungen an deemno wéi esouguer vun engem richtege Stuermdéif.
Déi aktuell Berechnungen a Saache Wand
D’Modeller si sech souwäit driwwer eens, dass de Stéchdatum fir dës stiermesch Entwécklungen den Dënschden wäert sinn. Den Zäitpunkt vum stäerkste Wand gëtt op de Nomëtte geschat, allerdéngs sinn déi exakt Wandvitesse nach net bewosst. Eng änlech Situatioun hu mir jo och a Saache potenzielle Schnéihéichten, wat doru läit, dass et och dobäi exakt dorop ukënnt, wéi e Lafwee dës kleng Randdéifer wäerten aschloen. Geréng Differenzen zur Prognos kënnen an der Praxis vill ausmaachen – Stéchwuert “Butterfly Effect”.
Den europäesche Wiedermodell gesäit fir en Dënschden héchstens mol Wandspëtzte vun ëm 80 km/h, de grousse Kontrast bréngt awer den däitschen ICON-EU-Wiedermodell: Dëse Berechent am spéidere Nomëtten e Peak vun tëscht 80 an deels 100 km/h zu Lëtzebuerg, ier sech de Wand an der Nuecht ufänkt ze leeën – et wier dann awer trotzdeem ëmmer nach alles anescht wéi wandstëll.
Och de franséische Modell ARPEGE gläicht dem däitsche Modell: An de Spëtzte géife verbreet bis zu 90 km/h optrieden, punktuell och mol eppes driwwer. Eng Berouegung wier dann fir d’Nuecht op e Mëttwoch ze erwaarden. Parallel zu dëser Berechnung simuléiert den amerikanesche Wiedermodell fir dëst Stuermfeld och Spëtzte vu bis ëm 85 km/h.
Schlusswuert
Wéi gesot, doru ka sech aus benannte Grënn nach eppes änneren. Well de Wand awer e méi “onempfindlecht” Thema ass wéi de Schnéi, hunn ech mech schonn mol u méiglech Vitesse gewot. Wat de Schnéi betrëfft mécht et aus momentaner Siicht gesi nach net all ze vill Sënn, well dësen däitlech méi sensibel op déi exakt Positioune vun hiren Dréifdrockgebitter reagéieren.
Hannert dësem Stuermfeld kommen déi kill Loftmassen, an da klëmmt och d’Warscheinlechkeet fir den éischte Schnéi. Méi dozou awer an engem aneren Update.