Am Virfeld vun enger Kalfront, déi eis eng Ofkillung bréngt, läit en Dënschden eng Konvergenzzon iwwert dem westleche Mëtteleuropa. Duerch dës klëmmt iwwert der Groussregioun de Risk vun deels kräftegen Donnerwieder, virun allem mat Staarkreen.
Titelbild-Hannergrondkaart: wxcharts.com
Frankräich, BeNeLux & Däitschland
De meteorologeschen Hierscht ass amgaangen, an awer hu mir et ëmmer nach mat iwwerduerchschnëttlechen a summerlechen Temperature vun ëm 30 Grad a liicht driwwer ze dinn. Dass geschwënn awer e Schluss dovun usteet, hate mir virun e puer Deeg schonn beschwat. Dësen ass nämlech en Dënschden, wou sech eng Konvergenzzon iwwert déi westlech Deeler vu Mëtteleuropa leet. Se läit viraussiichtlech op enger Sträif vu Paräis iwwer Oochen (D) bis erop an de Weste vu Schleswig-Holstein (D) eran.
Duerch eng Konvergenzzon stréimt de Wand aus verschiddene Richtungen openeen, wouduerch d’Loftmasse sech mussen hiewen. Dëst geschitt an engem Beräich, an dem sech de momentane Modellrechnungen no Wäerter wéi eng erhéicht potenziell zur Verfügung stoend Energie (500 bis deels 1600 J/kg), eng markant Wandscherung (Ännerung vu Wandrichtung- & Vitesse mat der Héicht) um ënnëschte Kilometer esouwéi och bis erop a méi héich Schichten vun der Atmosphär, eng héich buedemno Loftfiichtegkeet (Taujpunkt iwwer 17 Grad an driwwer, punktuell 19 Grad) an de Wäert vu potenziell nidderschlagbarem Waasser mat tëscht 25 an 43 l/m², iwwerschneiden.
Vereinfacht gesot: An dësem Beräich besteet de Risk vun deels méi zolitten Donnerwieder mat Staarkreen, Stuermstéiss a Knëppelsteng. Virun allem de Staarkreen kéint awer am Fokus stoen, sollt en Donnerwieder optrieden. Eenzelne Modeller no wier et och net ausgeschloss, dass sech e ganzen Donnerwiedersystem forméiert, deen vum Owend un vu BeNeLux hier an de Nordwesten vun Däitschland eranzitt.
De Fazit
Dat lescht Wuert ass definitiv nach net geschwat, mee et sollt een den Dënschden op alle Fall am Aen halen. Dësen Artikel bezitt sech net explizit op Lëtzebuerg, mee op eis Groussregioun & Nopëschlänner – nëmmen esou kritt een en Iwwerbléck iwwert d’Wiederlag selwer.
Duech d’Joreszäit kéint et sinn, dass et sech heibäi ëmt déi lescht “typesch” Donnerwiederlag vum Joer handelt.