Update fir den Owend: Modeller simuléiere manner Schnéi wéi gëschter

Nodeems gëschter nach bis deelweis 10 cm Neischnéi fir déi héchst Koppe berechent goufen, ass elo net méi all ze vill dovun iwwereg.

Och dës Kéier kee Schnéi fir déi déif Lagen?

Gëschter hunn d’Chancen fir Schnéi, deen och mol bis méi wäit erof fale kann, guer net mol esou schlecht ausgesinn. Den Hiweis, dass dëst awer nach net grad a sécheren Dicher ass, koum ganz berechtegt: déi nei Simulatioune wëllen op de Koppe näischt méi vun de potenziellen 10 Zentimeter Neischnéi wëssen. Fir déi méi déif Géigenden ass d’Warscheinlechkeet also och e Stéck zréckgaang. Dësen Update bezitt sech op déi aktuellst Donnéeën, Stand 06. Dezember 2020 14:45 Auer.

GFS

Den amerikanesche GFS rechent zwar weiderhin domat, dass eis am Laf vun der zweeter Hallschent vun der Nuecht op de Méinden e Nidderschlagsgebitt aus südëstleche bis ëstleche Richtungen areecht – mee et soll eis nëmme sträifen. Besonnesch op den héchste Koppen am äusserste Norde besteet nach déi “gréisst” Warscheinlechkeet, dass et mol schneit. D’Berechnungen zu den Akkumulatioune sinn awer staark zréckgaang. Aktuell gi just nach 1 cm berechent, iwwerdeems de Rescht vum Land gréng bleiwe soll.


D’Schnéihéichten dem GFS no | Grafik: wxcharts.com

ECMWF

Et ass net nëmmen de GFS deen e Gang zréckgeschalt huet, mee och den europäeschen ECMWF. An der zweeter Nuetshallschent rechent och dëse mat der Ukonft vun engem Nidderschlagsgebitt aus Südosten/Osten, de Nidderschlag a Form vu Schnéireen oder Schnéi soll awer gréisstendeels just déi héchst Koppen am äusserste Norde vum Land betreffen. Schonn um fréie Méindemoie kuerz no 6 Auer soll dat ganzt eriwwer sinn, d’Schnéihéichte falen och entspriechend manner grouss aus. Vun de bal 10 cm, déi dëse Modell gëschter nach berechent huet, sinn elo just nach héchstens 2 bis 4 cm fir déi héchst Koppen dran. De Rescht vum Land soll méi oder manner eidel ausgoen.


D’Schnéihéichten dem ECMWF no | Grafik: wxcharts.com

ICON

Den och gëschter schonn éischter méi pessimisteschen ICON ass senger Linn trei bliwwen. E rechent kuerz no Mëtternuecht zwar mat e puer eenzelne Nidderschléi aus ëstleche Richtungen, mee de Gros vun dësem Nidderschlagsgebitt hält sech iwwert dem Weste vun Däitschland an zitt sech bis a Nordrhein Westfalen eran. Wat d’Schnéihéichten ugeet, rechent de Modell genee näischt fir eis Géigenden.


D’Schnéihéichten dem ICON no | Grafik: wxcharts.com

ARPEGE

Den ARPEGE, dee Modell, dee bis ewell ëmmer am aller optimisteschste war, huet och staark zréckgeruddert. Gëschter huet e nach 3 bis 7 cm berechent, lokal och 10, mee mëttlerweil ass dovun och net méi vill ze gesinn. De Nidderschlag soll eréischt um fréie Méindemoie bei eis ukomme, sou géint 05 Auer. Et betrëfft haaptsächlech déi ëstlech Géigende vum Land, wat de Schnéi ugeet och just déi héchst. Um Mëtte soll et scho gréisstendeels eriwwer sinn mam Nidderschlag. Quantitéitstechnesch leie mir nach tëscht engem dënne Flom an héchstens 3 cm op de Koppen. De Gros vum Land soll ouni Schnéi verweilen.


D’Schnéihéichten dem ARPEGE no | Grafik: wxcharts.com

Fazit:

Wéi Dir gesitt, huet sech an der Modellwelt vill gedoen. Dowéinst ass och ëmmer den Hiweis wichteg, dat ganzt fir d’éischt mol nach mat Virsiicht ze genéissen. Sou wéi d’Modeller et elo gesinn ass e gutt Stéck méi warscheinlech, well den Zäitpunkt vun der Prognos ëmmer méi no kënnt. Géint Mëtternuecht soll eis d’Nidderschlagsgebitt aus ëstleche bis südëstleche Richtungen areechen an eis héchstwarscheinlech just sträifen. Et kann also sinn, dass de Südweste vum Land net vill dovu matkritt. Beim Antreffe vum Reen leien d’Temperaturen am Gros vum Land tëscht 1 an 3 Grad, just op eenzelne Plazen am Norde sinn schonn 0 Grad méiglech. A Richtung fréie Méindemoie leien d’Temperaturen am äusserste Norde bei 0 bis 1 Grad, am Südosten hu mir ëmmer nach 1 bis 3 Grad. Et zeechent sech of, wou d’Warscheinlechkeet vu Flacken tatsächlech am héchsten ass. Géint 03 Auer an der Nuecht soll et de Modeller no nach ëmmer haaptsächlech just op den héchste Koppen am Norde schneien, iwwerdeems et soss am Land, wann et zu Nidderschlag kënnt, sech meeschtens ëm Reen handelt. Vum Méindemoien u bis an de Virmëtten era soll sech de Nidderschlag schonn vun eis fortbeweegt hunn. Probéiert een, wat d’Schnéihéichten ugeet, op e gemeinsame Nenner ze kommen, da kann ee sech op den héchste Koppen (vun 475 / 490 Meter un) bei 1 bis 3 cm orientéieren, mat Chance eventuell och mol e 4ten Zentimeter. Et stellt awer méi eng Ausnam duer wéi eng Majoritéit. De Rescht vum Land huet an de meeschte vun alle Fäll Reen bis Schnéireen ze erwaarden, wat d’Quantitéiten ugeet ass näischt weider nennenswäertes ze erwaarden. MEE: Egal ob Schnéi oder net, an och egal ob Minustemperaturen op 2 Meter Héicht oder net: de Buedem kann trotz allem gefruer sinn. Dowéinst kann et trotzdeem am ganze Land op mannst mol duerch Nätzt déi fréiert glat ginn.