Update fir e Mëttwoch: Modeller schléisse gréisser Probleemer am Verkéier net aus

Och de neiste Modellrechnunge no gesäit et guer net gutt aus fir e Mëttwoch. De Schnéi kann zwar och relevant ausfalen, eng grouss Roll spillt awer virun allem de Glëtz. Dëst si keng gutt Aussiichte fir de Stroosseverkéier.

D’Loftmassegrenz kënnt

D’Loftmassegrenz, déi mir elo schonn zanter dem 10. Januar genee zesummen thematiséieren, kënnt e Mëttwoch tatsächlech! Et si just nach e puer Eenzelheeten, déi net esou ganz kloer sinn. Fest steet awer: Et gëtt en Dag, deen een immens gutt muss am Aen halen. Sollten d’Berechnunge nämlech esou bleiwe wéi elo, da geet e Mëttwoch net méi vill am Stroosseverkéier – dat net nëmmen duerch Schnéi, mee och Glëtz – dëse kéint am Worst Case esouguer d’Haaptroll spillen. Mee elo mol der Rei no.


D’Grousswiederlag e Mëttwoch, a wéi d’Loftmassegrenz zustane kënnt | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

E Mëttwoch leet sech eng Loftmassegrenz iwwer Mëtteleuropa. Un esou enger Grenz treffen ënnerschiddlech Loftmassen openeen: An dësem Fall ass et mëll Loft aus dem Süde vun Europa déi mat wanterlech kille Loftmassen aus Nordeuropa kollidéieren. Do, wou se sech treffen, entstinn ëmmer erëm Nidderschléi. Op der killer Säit vun der Loftmassegrenz (also déi nërdlech) kënnt de Gros vum Nidderschlag als Schnéi erof, op der südlecher Säit als Reen. D’Saach ass awer déi, dass de Buedem, och trotz liichte Plusgraden, ëmmer nach wäert gefruer sinn. All Drëps, déi de Buedem erreecht, kann also festfréieren.


Wéi Glëtz, Schnéireen a Schnéi entstinn | Grafik: National Weather Service

Dëse Phänomeen ass just méiglech, well sech an dësem Fall déi méi liicht waarm Loft iwwert déi kill Loftmassen um Buedem drécken/”schieben”. Op dëser Grafik gesitt Dir d’Konzept vun enger Wiederlag, déi fir Glëtz an Äisreen typesch ass.

Meteorologesch gesinn geschitt dat interessantst un enger Waarmfront, déi dann zesumme mat der Keelt aus dem Norden d’Loftmassegrenz forméiert. D’Waarmfront ass also an der Roll vun der “Warm Air”, déi op der Grafik ofgebillt ass.

Déi méiglech/warscheinlech Entwécklungen zu Lëtzebuerg

De momentane Stand ass deen, dass sech vum fréie Mëttwochmoien un, iergendwann tëscht 3 a 6 Auer, déi éischt Schnéifäll aus Südwesten hier iwwert dem ganze Land breetmaachen. Dëse Schnéi ka méi kräfteg ausfalen, séier sinn e puer Zentimeter méiglech. Déi meescht Modeller bleiwe bis kuerz virun 12 Auer beim Schnéi, ier dann déi méi waarm Säit vun der Loftmassegrenz op eist Land soll iwwergräifen. Vun der Zäitfënster hier sollt dat tëscht ongeféier 11/12 Auer an 19/23 Auer de Fall sinn. An där Zäit ass weiderhi mat kräftege Nidderschléi ze rechnen, déi duerch de gefruerene Buedem awer séier kënnen zu Äis ginn. Sollt dat tatsächlech geschéien, dann hätte mir et mat immens geféierleche Konditiounen am Stroosseverkéier ze dinn. Beem an Äscht kënnen dann duerch d’Gewiicht vum Äis an d’Stroosse falen – och fir aner Géigestänn besteet d’Gefor, dass se briechen.


Esou änlech kéint d’Wiederlag e Mëttwoch iwwert d’Bühn goen. Dat wäisst ass Schnéifall, orange Glëtz a blo Reen | Animatioun: wxcharts.com

Duerno soll déi méi kill Säit erëm op Lëtzebuerg zréckgewandert kommen, wouduerch de Nidderschlag erëm géif a Schnéi iwwergoen. Wann dat virdrun mam Glëtz wierklech esou virgefall ass, dann ass duerch de “neie” Schnéi mat enger ëmsou méi ugespaanter Situatioun ze rechnen. Bis an déi éischt Hallschent vum Donneschden era kann et nach schneien.

Wéi vill Schnéi kann dann erofkommen?

Genee wéi mam Glëtz, ass och a Saache Schnéihéichten déi EXAKT Positioun vun der Loftmassegrenz entscheedend. Mir huelen dofir elo einfach mol eng Moyenne vun all dem, wat berechent gëtt. Dëser no stinn fir de Moment tëscht 3 an 8 cm Schnéi fir d’Nordhallschent um Plang – virum allem am äusserste Norde kann et och mol fir 10 cm oder bësse méi duergoen. An der Südhallschent si mir duerchschnëttlech bei tëscht 1,9 an 3,4 cm ënnerwee – och hei ginn et Modeller, déi deels bis zu 10 cm berechnen, se sinn awer vill manner vertrueden wéi am Norden.

Fazit

D’Loftmassegrenz kënnt, de Risk vu geféierleche Konditiounen op de Stroossen an Trottoiren besteet op alle Fall! Eenzelheeten wéi déi exakt Schnéiquantitéiten an och, wéi vill Deeler am Land am Endeffekt vum Glëtz wäerte betraff sinn, stinn awer nach op. Et kënnt, wéi gesot, op déi EXAKT Positioun vun der Loftmassegrenz un, an déi kann ee leider just kuerzfristeg am geneesten Aschätzen. Deemno wéi se sech verännert, wieren z.B. däitlech méi grouss Schnéiquantitéite méiglech.

An de nächste Stonnen/Deeg komme weider Updates. Lued d’Météo Boulaide-App erof fir näischt méi ze verpassen.