![bannerweb2](https://meteoboulaide.com/wp-content/uploads/2019/01/bannerweb2-3-678x381.png)
Tësche 02 a 04 Auer geet et lass
Zwar kann et schon e puer Stonne virun der genannter Zäit zu e puer Grimmlen oder eenzelne Schnéiflacke kommen, mee den Haaptdeel sollt eis tëschen 2 a 4 Auer an de fréie Moiesstonne vum Mëttwoch ereechen. Zumols am Zäitraum vum Beruffsverkéier a vum Schoultransport kann et zu méi staarke Schnéischauere kommen. Och am Süde bleift dëse leien. Am Laf vum Mëttwochmëtten a Nomëtten schneit et am Norde monter weider, am Süde meechtens och – just plaatzeweis kéint de Schnéi mol kuerz a Schnéireen iwwergoen. Alles an allem sollen uechtert Land awer bis de spéidere Mëttwochowend ëm 5 cm Schnéi zesummekommen, maximal 8 cm. Op Koppe komme nachengkéier em 10 cm dobäi a virun allem a Stau-Lage si bis zu 15 cm net ganz onméigleg.
Den ausféierlechen Oflaaf fannt Dir am Video.