Wéi gesot, kënnt et op all Kilometer un, wéi d’Loftmassegrenz läit. De neisten Donnéeë no wäert haut de Gros vum Land mam Glëtz beschäftegt sinn, eréischt méi spéit gëtt de Schnéi relevant.
Déi aktuell Situatioun a wéi d’Stonne verlafen
Aktuell (17.01.2024 – 07:02) huet de Nidderschlag, deen de Glëtz bréngt, schonn de Gros vum Land ofgedeckt. Elo feelt just nach déi nërdlechst Kopp. Wéi vu ville Plazen eragemellt gëtt, gëtt de Stadium vum staarke Schnéifall direkt iwwersprongen – et kënnt direkt zu Glëtz. Dat muss net iwwerall de Fall sinn, mee et mécht d’Situatioun net onbedingt besser. D’Temperature leien de Moment tëscht -7 a -4 Grad an der Nordhallschent, am Süden sinn et -5 bis -2 Grad.
Dëst hänkt domat zesummen, dass d’Loftmassegrenz méi wäit nërdlech verleeft – dat hunn d’Modeller quasi eenheetlech vun der Nuecht un simuléiert. Dohier goufen och all d’Warnungen dorun ugepasst, ze fanne sinn se hei: WARNUNGEN.
Aus dësen Donnéeë geet ervir, dass am ganze Land grouss Quantitéiten u Glëtz ze erwaarde sinn, déi séier fir immens geféierlech glat Stroossen an Trottoire suergen. Eng Äisschicht ass ze erwaarden, zumools do wou am meeschte Nidderschlag erofkënnt. De Schwéierpunkt vum Glëtz ass vu gëschter, wou en am Süde louch, mëttlerweil méi wäit an de Norde gewandert. D’Modeller gesinn elo fir de Nordweste vum Land de “Schwéierpunkt” vun de gréissten Zommen, déi reng als Glëtz sollen erofkommen. Fir de Kanton Wolz ginn duerchschnëttlech 10 bis 20 l/m² als Glëtz berechent – et ass domat den eenzege Kanton, fir deen déi héchst Warnstuf 3/3 (per Météo Boulaide Definitioun) besteet. All déi aner Kantonen hunn Warnstuf 2/3, bis op Dikrech mat 1/3 wou vergläichsweis am mannste Glëtz soll falen.
Dem aktuelle Stand no besteet vu géint 15 Auer un d’Chance, dass op d’mannst punktuell d’Biedem ufänken, ze entdeeën. Sollt dat de Fall sinn, da géif d’Gefor vu glate Stroossen an Trottoiren duerch Glëtz op dëse Plazen zréckgoen. Exakt soen, wou dës wäerte sinn, kann een awer net. Generell ass bis an de spéidere Nomëtten eran domat ze rechnen, dass grouss Deeler vum Land ënner méissege bis kräftege Nidderschléi a Form vu Glëtz leien. Am äusserste Norden schneit et just zäitweis.
Mee wou bleift de Schnéi dann?
Well d’Loftmassegrenz en Tick méi wäit nërdlech verleeft, huet dat direkt och Auswierkungen op d’Schnéihéichten. Mee nee, e bleift awer net aus: D’Waarmfront, déi de Moment a Richtung Norden wandert an eis de Glëtz bréngt, gëtt vum spéideren Owend un réckleefeg. Se wäert als Kalfront erëm zréckgewandert kommen, wat heescht, dass et iergendwann vum spéideren Owend un (ronderëmt 23 Auer) vu Norden hier erëm ufänkt mat Nidderschléi. Dës falen dann net méi als Glëtz, mee als Schnéi. Bis muer de Moie fréi, ronderëm 5 Auer, soll dëse Schnéi sech am ganze Land ausgebreet hunn. D’Schnéihéichten fannt Dir och op der Warnsäit.
Mir starte geschwënn e Liveticker mat allen Informatioune wéi se geschéien.