
Wéi en Donneschden schonn beschwat, klëmmt elo Enn der Woch a muer um Méinden erëm de Risk vun deels méi kräftegen Donnerwieder mat Staarkreen, Knëppelsteng a Stuermstéiss an eiser Groussregioun. Dëst ass de neiste Modell-Stand.
D’Situatioun
Den Déifdrockafloss ass amgaangen vu Westen hier zouzehuelen. Schonn haut am Nomëtten ass virun allem iwwert dem südlechen an zentrale Frankräich mat zolitten Donnerwieder duerch Staarkreen, Knëppelsteng a Stuermstéiss ze erwaarden. D’Déifdrockaktivitéit schafft sech am Laf vun de Stonne weider a Richtung Nordosten a wäert dann och eis Groussregioun iergendwann beaflossen. Dat ganzt Geschéien muss awer an zwou Phasen opgedeelt ginn.

Déi éischt Phas
Wärend der éischter Phas sinn déi Donnerwieder interessant, déi haut am Laf vum Dag iwwer Frankräich entstinn. Wéi jo schonn gesot ass ze erwaarden, dass dës zimmlech zolidd kënnen ausfalen. Duerch de ville Reen besteet iwwert de südlechen, südwestlechen an zentralen Deeler vu Frankräich de Risk vun Iwwerschwemmungen. Et kënnen awer och e puer Superzellen drënner sinn, ënnert deenen et zu gréissere Knëppelsteng bis 3 cm am Duerchmiesser kënnt esouwéi och zu Stuermstéiss.

D’Modeller rechnen domat, dass sech dës Donnerwieder entweder a Form vun engem MCS (Mesoscale Convective System) wäerte weisen, oder och als Donnerwieder-Linn. Egal a wéi enger Form, d’Aktivitéit zitt am Laf vun de Stonnen a Richtung BeNeLux & Däitschland. De meeschte Modeller no dauert et bis kuerz no Mëtternuecht, bis se an eise Géigenden ukommen. Iergendwann tëscht 1 a 4 Auer sollt et esouwäit sinn, esou d’Onsécherheetsspaan.
Mee wéi zolidd ginn se? Dat léisst sech per Modell net esou genee soen, et muss een einfach ofwaarden wat sech elo an de nächste Stonnen iwwer Frankräich deet. Entscheedend ass, ob déi méi intensiv Deeler vun de potenziellen Donnerwieder iwwerhaapt bis an eis Géigenden erop iwwerliewen oder net. Tendenziell wäert de Risk fir Knëppelsteng a Stuermstéiss zréckgoen. Vill méi wéi ofwaarde kann een de Moment awer net maachen – haalt d’Info mol einfach am Hannerkapp.
Déi zweet Phas
Nodeems déi éischt “Well” duerch ass (sief dat lo eng méi intensiv oder ebe just Iwwerreschter), starte mir e Méinden dréif bis wollekeg an den Dag eran an den Donnerwiederrisk hält sech a Grenzen. Dëst ass awer net vu laanger Dauer, well vum Nomëtten un de Risiko erëm wäert an d’Luucht goen. Tëscht 15 an 22 Auer réckt de Staarkreen erëm an de Fokus, deen ënnert den Donnerwieder kann optrieden. Ier eis am Laf vum spéideren Owend méiglecherweis e gréissere Klops a Form vun engem Reegebitt mat Donnerwieder erreecht, kënnen awer schonn am Virfeld e puer isoléiert Zellen mat dobäi sinn. Virun allem un dësen wieren, änlech wéi en Dënschden, 12. September, gréisser Knëppelsteng bis 3 cm am Duerchmiesser an och Reenzommen vun 20 – 40 l/m² a kuerzer Zäit net ausgeschloss. No der definéierter Zäit kann et zwar nach reenen, deels mat Blëtz an Donner, mee et sollt sech lues a lues berouegen.

Dës zwou Phasen betreffen awer, wéi meeschtens, net explizit eist klengt Lëtzebuerg, mee d’Groussregioun.