Update: Vum Freidenowend un deemno wéi bis zu 10 cm Neischnéi méiglech

An der Nuecht op de Freiden erwaart eis eng éischt Phas mat e bësse Schnéi, ier um Freidenowend duerch e Randdéif nawell gutt eppes dobäikomme kéint.

Éischt Phas um fréie Freidemoien

D’Wieder gëtt méi wanterlech zu Lëtzebuerg, dat wësse mir mëttlerweil. An dëse Stonne geet et un mat Temperaturen, déi ronderëmt de Gefréierpunkt leien – esou kann et plazeweis zu glate Streckenofschnëtter kommen.

Muer de Moie kommen aus Weste Nidderschléi eragezunn, déi duerch déi kill Loftmassen als Schnéireen a Schnéi erofkommen. Iwwerdeems am Norden an enger éischter Phas tëscht 1 an 3 cm erofkomme kënnen, hu mir et am Süde vum Land mat nach méi gerénge Quantitéiten ze dinn. D’Schnéifallgrenz läit am Virmëtten bis an de fréie Mëtten eran ronderëm 400 bis 500 Meter.

Update: Wiedermodeller rechne bis ëm 10 cm an der Nuecht op de Samsden

D’Wiedermodeller ware bis ewell zimmlech zréckhalend an hunn de Weekend gréisstendeels mat Quantitéite vun tëscht 3 a 7 cm gerechent. An Tëschenzäit gesäit dëst schonn erëm anescht aus, wat fir de Freidenowend den Ufank vun enger “gréisserer” Schnéicouche bedeite kann.

Aktuelle Modellrechnunge no soll um Freidenowend aus Westen e Randdéif eragezu kommen. Un dësem Randdéif ginn deels méi kräfteg Nidderschléi matgedroen, déi duerch déi dann schonn erëm niddereg genuch Temperature groussflächeg als Schnéi fale kënnen. Dëse Schnéifall dauert net all ze laang, mee géif sech, wéi gesot, haaptsächlech duerch seng Intensitéit auszeechnen.

Kéim dëst Randdéif esou ragezunn wéi de Moment berechent, dann hätte mir et bis de Samsdevirmëtten dem amerikanesche GFS no mat tëscht 2 a 4 cm am Süde vum Land ze dinn (mat Chance dënne Flom un der Musel) a mat tëscht 5 a knapp 10 cm am Norden.

Den europäeschen ECMWF ass méi optimistesch ënnerwee a berechent op ville Plazen tëscht 7 an 10 cm, esouguer un der Musel wier nennenswäerte Schnéi ze erwaarden. Iwwerraschenderweis géif et dësem Modell no am äusserste Norden am mannste schneien.

Den däitschen ICON rechent op de Koppen am Norden mat tëscht 4 a knapp 7 cm, am Süden mat quasi näischt laanscht Musel bis hin zu 5 cm op den anere Plazen. De franséischen ARPEGE gëtt dem ICON d’Hand an ass ganz änlech ënnerwee.


D’Randdéif, wéi et dem europäeschen ECMWF no berechent gëtt | Grafik: wxcharts.com

Mee: Kniffleg Situatioun!

Wéi schonn gesot, handelt et sech heibäi ëmt e ganz klengt Déifdrockgebitt, e sougenannt “Randdéif” oder och nach “Schnellleefer” genannt. Wéi de Numm et also seet, sinn dës Déifer net nëmmen immens kleng, mee se zéien immens séier vu Plaz. Doduerch ass déi genee Zuchbunn eréischt kuerz virum Antreffe bekannt, wat d’Prognos vun den tatsächleche Schnéiquantitéiten staark erschwéiert. Minimal Ännerungen un der Zuchbunn kënnen a gréisseren Differenzen an de Schnéiquantitéiten resultéieren.

Den europäeschen ECMWF rechent beispillsweis, dass dat klengt Déif mat sengem Kär knapp südlech u Lëtzebuerg laanschtgeet. Den amerikanesche GFS ass där Meenung, dass et iwwert de Süde vum Land ewechzitt. Dat ass z.B de Grond, firwat den ECMWF aktuell mat méi Schnéi rechent wéi den amerikanesche GFS. Dem ICON no zitt et änlech wéi den ECMWF an dem ARPEGE no nach méi wäit nërdlech.

Fir guer kee Schnéi ze kréie, misst dëst Déif op eemol e gutt Stéck méi wäit südlech gerechent ginn. Mir kënnen op de nächsten Update gespaant sinn.