Lues a lues erreechen eis déi éischt Nidderschléi vun der Loftmassegrenz. Nach ass et meeschtens Reen, mee dat wäert geschwënn änneren. Wéi déi neitst Zuelen ausgesinn, thematiséiere mir an dësem Update.
Advertisement
Loftmassegrenze sinn tückesch
Am Ufank wéilt ech direkt nach eng Kéier de Punkt widderhuelen, deen mir an de leschten Deeg ëmmer erëm widderholl hunn: Loftmassegrenzen ziehen zu deene meteorologesche Phänomeener, déi am schwéiersten anzegrenzen a virauszesoe sinn. Verlagert se sech nëmmen e klengt Stéckchen anescht wéi berechent, da kann dat e groussen Afloss op d’Realitéit hunn. Zumools gëschter am Livestream hu mir eis Zäit geholl, fir dat bis an den ausféierlechen Détail ze erkläeren.
Den aktuelle Stand
An Tëschenzäit treffen déi éischt Nidderschléi, déi zur Loftmassegrenz zielen, an eisem Land an.Bis an den äussere Norden era reent et schonn ëmmer méi, a Richtung Süden geet d’Intensitéit lues awer sécher an d’Luucht. Nach leien d’Temperature mat 0 bis 4 Grad iwwerall esou just resp. däitlech am Plus, wat jo och nach den Aschätzungen aus de leschten Deeg entsprécht. Wat de Nidderschlag an de nächste Stonne méi kräfteg gëtt, wat och d’Temperaturen lues a lues weider op a knapp iwwert de Gefréierpunkt falen -Stéchwuert: Nidderschlagsofkillung.
Déi nächst Stonnen
Primär zeechent sech vun elo bis muer de Mëtten eng warnrelevant Situatioun duerch Dauerreen / unhalend Nidderschléi of, wéinst där mir eng Dauerreenwarnung erausginn hunn. Besonnesch a Richtung Westen a Südwesten ass d’Warscheinlechkeet am héchsten, dass iwwer 30 l/m² a 24 Stonne kënne falen. Je no tatsächlecher Entwécklung vun der Loftmassegrenz kann nach eppes dobäi kommen, wat mat Sécherheet a klammende Peegele resultéiert. Och soss ass mat Aquaplaning ze rechnen, deemno wéi sinn och méi kleng Waasserusammlungen oder Iwwerschwemmunge net onméiglech.
Wat de Schnéi betrëfft, ass den aktuelle Modeller an och Miessunge no ze erwaarden, dass de Nidderschlag op de Koppen am Norden schonn deemnächst duerch déi méi déif Temperaturen ufänkt, a Schnéireen an och Schnéi iwwerzegoen. Och am Südweste vum Land setzt et aktuell un, méi kill ze ginn. Zur selwechter Zäit soll et, laut Modellrechnungen, nach bis ëm 15 Auer daueren, bis och am Rescht vum Land haaptsächlech Schnéireen a Schnéi erofkënnt. Hei muss een awer och eng gewëss zäitlech Toleranz weisen, well sech dat ëmmer e bësse ka verréckelen. Op alle Fall sinn a Richtung spéidere Nomëtten ëmmer méi oft Schnéischaueren dran, deels kënnen déi och méi kräfteg ausfalen.
Den Timing huet sech de Modeller no och verännert: De Schnéi soll nämlech schonn bis ronderëm 19 oder 20 Auer quasi iwwerall a Reen iwwergaange sinn, wat d’Dauer vum Schnéifall logescherweis géif reduzéieren. D’Moyenne aus 9 verschiddene Wiedermodeller deit aktuell op eng maximal Schnéicouche vun tëscht 2,8 a 5 cm fir déi héchst Koppe vum Land hin, wat däitlech manner ass wéi nach virun e puer Stonnen. Wichteg ass awer ze soen, dass d’Wiederlag eis schonn ze no ass – ëmmer méi ass also de Bléck op den Ist-Zustand, also dem Nowcast, méi vertraulech. Trotzdeem weisen eis d’Modeller e Signal, wat een ebe mat aberechne muss. Sollt sech dat am weidere Verlaf vun de Stonnen och unhand vun der tatsächlecher Wiederlag weisen, gëtt d’Schnéiwarnung fir den äussere Norden deaktivéiert.
D’Nuecht iwwer gi nach Nidderschléi erwaart, mee déi wieren duerch déi méi héich Temperaturen dann als Reen ënnerwee. Den Dag vu muer kann eis op der Récksäit vun engem weideren Déif weidere Schnéi bréngen, dozou maache mir nach e separaten Update.