Duerch de ville Reen ass d’Thema Héichwaasser an Däitschland de Moment zimmlech grouss. Och fir Lëtzebuerg goufe bis Enn vum Joer zäitweis méi grouss Reenzomme berechent, mee wat huet sech an Tëschenzäit gedoen?
Advertisement
Advertisement
Héichwaasser & Stuermflut an Däitschland
De Moment mossen ëmmer nach vill Statiounen an Däitschland grousst Héichwaasser, besonnesch am Raum Hannover. Mee awer och soss erstrecke sech haaptsächlech vum Nordwesten bis an de Südoste vum Land Meldunge vu klengem bis mëtterem Héichwaasser. Schold drun sinn engersäits déi grouss Reenzommen, anerersäits sinn am Norden ëmmer nach d’Nowéie vun enger Stuermflut ze spieren.
An der Nuecht ass mat engem weidere Reegebitt ze rechnen, wouduerch sech d’Situatioun weiderhi just lues berouegt. D’Quantitéite fale mat tëscht 10 an eppes iwwer 20 l/m² awer net méi all ze markant aus.
A wéi ass et mat Lëtzebuerg?
An de vergaangenen Deeg gouf et och fir Lëtzebuerg deels méi zolidd Berechnungen a Saache Reequantitéite bis Silvester. Glécklecherweis kann een elo awer soen, dass dës méi markant Signaler däitlech méi rar gi sinn. Geet et dem momentanen amerikanesche Wiedermodell no, da si bis den 1. Januar zesummegerechent gesinn tëscht 10 an 20 l/m² ze erwaarden. Anescht gesäit d’Situatioun awer aus, wa mir eis den europäesche Modell ukucken. Dësem no reent et bis dohin am Südosten nach 20 l/m², iwwert der Mëtt 30 l/m² an a groussen Deeler vum Norden 40 l/m². Ganz am äusserste Norden esouwéi awer och am Westen kéint och un de 50 l/m² gekrazt ginn, esou dëse Modell.
Huele mir d’Meenung vum däitsche Modell ICON dobäi, da schéngt dësen esou zimmlech op der Säit vum europäesche Modell ze sinn. Tëscht 30 a 50 l/m² gi berechent. Wa mir awer elo erëm de Swiss-MRF- Modell vu Kachelmannwetter dobäihuelen, da si mir erëm net wäit vun dem ewech, wat den amerikanesche Modell komme gesäit: Tëscht 15 an 30 l/m² Reen gi berechent, am Osten deels och just 10 l/m².
Wa mir den Duerchschnëtt huele, komme mir also bei ongeféier tëscht 19 an 38 l/m² eraus. Am Südoste sollt et tendenziell am mannste naass ginn, iwwerdeems sech de Gros vum Reen op de Westen an och op de Norde sollt konzentréieren.
Mee bréngt eis dat elo eng markant Héichwaassersituatioun? Soulaang sech d’Wäerter net nach all no uewe korrigéieren, sollt keng gréisser Gefor bestoen. Natierlech gëtt d’Situatioun awer stänneg am Aen gehalen.