Update zu der Donnerwiederlag vun haut, 12. Juni 2020

Iwwerdeems sech d’Modeller um Donneschde nach net ganz sou eenz ware, wat d’Donnerwiederlag vun haut um Freide betrëfft, loosse sech mëttlerweil méi konkret Saache soen.

Haaptaktivitéit iwwert dem Osten a Nordoste vu Frankräich

Dësen Artikel probéieren ech esou kuerz wéi méiglech ze halen. De kompletten Détail zur Lag vun haut fannt Dir ënnert dësem Link. Déi aktualiséiert Virwarnungen hei.

Um Donneschde konnt ee nach net sou richteg soen, ob Lëtzebuerg tatsächlech enger gréisserer Gefor duerch potenziell méi zolitt Donnerwieder ausgesat war oder net. Mëttlerweil tendéieren d’Wiedermodeller an déi Richtung, dass sech zwar am Laf vum spéidere Nomëtten/Owend eng Donnerwiederfront iwwert dem Osten/Nordoste vu Frankräich forméiere kann – dës awer, wat se Lëtzebuerg méi no kënnt, sech scho lues a lues ofschwäche kann. Dat bedeit, dass d’Haaptaktivitéit héchstwarscheinlech iwwert dem Osten a Nordoste vu Frankräich wäert ze fanne sinn. Dat haaptsächlech doduerch, well sech do d’Parameter, déi d’Entstéiung vu méi zolitte Wiederen inkl. Superzellen ënnerstëtzen, am beschten iwwerlappen. Dat awer net flächendeckend, mee och nëmme lokal. U wat et am meeschte feelt ass Labilitéit. Dës ass nëmme punktuell an enger méi grousser Zuel ze fannen, wat also eng extrem Onwiederlag zimmlech onwarscheinlech mécht. Just déi Donnerwieder, déi sech an engem Environnement mat gudder Iwwerschneidung vu Parameter entwécklen, hunn en Tornadopotenzial.

Et ass also, Stand aktuell, ze erwaarden, dass eis am Laf vum Owend / fréier Nuecht zwar Wiederen aus Frankräich areeche kënnen, mee dat schon ënner Ofschwächung. Trotzdem wieren awer ëmmer nach Phänomener wéi staark Wandstéiss, klengkäreg Knëppelsteng a punktuelle Staarkreen méiglech.