USA: Extraterrestreschen Objet um Himmel? Nee, SpaceX Rakéit!

Déi zentral Bundesstaate vun den USA hunn de vergaangene Méinde net schlecht gestaunt, op eemol war eng riseg Spiral um Himmel ze gesinn.

Keen UFO, mee SpaceX Rakéit

Op ville Fotoen ass eng beandrockend Spiral ze erkennen, déi Änlechkeete mat der Form vun enger Galaxie huet. D’Schauspill huet sech zimmlech séier iwwert den Himmel beweegt, Awunner vum Bundesstaat Oklahoma hunn esouguer iwwer Ausseriierdescher spekuléiert – zumools, well sech um selwechten Dag en Äerdbiewen ereegent huet.

Kloerheet koum dunn awer zimmlech séier: dem Elon Musk seng Weltraum-Entreprise SpaceX huet zu dësem Zäitpunkt mat enger Rakéit e weidere Satellit an de Weltall geschoss, deen dem Cosmo-SkyMed-Satellitteprogramm ugehéiert. Et handelt sech dobäi ëmt en Äerdobservatiounssatellit.

Dat beandrockend Muster a Form vun enger Spiral ass warscheinlech duerch d’Oflosse vu Rakéitendreifstoff zustane komm.