Valencia, Spuenien: Neien Allzäit-Temperaturrekord vu 46,8°C, ale Rekord ëm +3,4°C geknackt

Gëschter ass den alen Temperaturrekord vun der Wiederstatioun zu Valencia, deen de 6. Juli 1986 opgestallt gouf, quasi pulveriséiert ginn.

Advertisement

Markante Rekord um Fluchhafe vu Valencia

Gëschter, 10. August 2023, ass un der Wiederstatioun vu Valencia e markanten neien Allzäit-Temperaturrekord opgestallt ginn. 46,8°C konnte gemooss ginn, wat 3,4°C iwwert dem ale Rekord läit, deen op de 6. Juli 1986 datéiert ass. D’Wiederstatioun selwer mësst zanter 1966 an erfëllt déi international meteorologesch Norm vun der WMO an där festgeluecht ass, dass d’Lofttemperatur op +/- 2 Meter iwwert dem Buedem gemooss gëtt, dat iwwert enger Gréngfläch. Zousätzlech muss de Sensor géint direkt Sonnestralung geschützt sinn, fir dass d’Donnéeën och brauchbar sinn. D’Temperatur gëtt nämlech net an der praller Sonn gemooss.

Et handelt sech bei dësen Donnéeën also ëm d’Lofttemperatur – also deem Wäert vun dem mir schwätzen, wa mir eis an der Prognos ukucken, wéi waarm et dann haut gëtt. Dëse Wäert representéiert also NET d’Buedemtemperatur – neierdéngs gëtt an den alternative Medien jo gär behaapt, et géif een neierdéngs einfach d’Buedemtemperatur huelen, fir dass “d’Liggen vum Klimawandel” net soll opfalen. Dëst ass éischtens net de Fall, an zweetens wieren d’Wäerter dann däitlech méi héich wéi 60 Grad.