VIDEO: Vereenzelt Donnerwiedere méigleg

An der Groussregioun kann et um Mëttwoch an och um Donnëschden zu vereenzelte Schaueren oder och Donnerwiedere kommen. Am Fall vun engem Schlued kënnt et virun allem zu méi staarkem Reen, manner wahrscheinlech si Knëppelsteng a staark Wandstéiss. D’Zelle wärte just op klenger Fläch optriede, soudass nach laang net jiddereen vun de Wiedere betraff wärt sinn.


Modellvergläich

ICON

HIRLAM

HARMONIE

GFS

ARPEGE

AROME

Fazit

D’Modeller si sech gréisstendeels eeneg, dass sech um Mëttwoch souwéi um Donnëschden an eise Géigende Schauere souwéi Donnerwiedere forméiere kënnen. Eis erwaarden awer keng soueng schlëmm Onwiedere méi wéi Enn Mee oder ufanks Juni.