Vill Nidderschlag: Verschidde Modeller rechne bis e Sonnde mat bal 100 l/m²

De Schnéi wäert an dëser Woch méi e Randphänomen sinn, wann ee sech déi momentan Kaarten esou ukuckt. Bis e Sonnde solle nämlech, all Nidderschlagszort abegraff, bal 100 l/m² vum Himmel kommen.

Advertisement

Vill Beweegung an dëser Woch

Elo an der neier Wiederwoch ass et eriwwer mam rouege Modus, wéi mir en aus de leschte Woche gewinnt waren. Een Déifdrockgebitt nom aneren zitt duerch a bréngt eis esou ëmmer erëm Nidderschléi op Lëtzebuerg. Phaseweis ass dat, wéi mir jo wëssen, als Schnéi de Fall – iwwert déi ganz Woch gekuckt wäert de Reen awer d’Iwwerhand hunn.

Déi berechent Zommen

Den europäesche Wiedermodell ECMWF gesäit am Zäitraum vun elo bis e Sonndenowend spéit tëscht 50 a punktuell 80 l/m² vum Himmel kommen. Den amerikanesche Modell GFS toppt dat ganzt nach mat Wäerter vun tëscht 60 a 85 l/m², a Richtung Weste ginn esouguer 95 l/m² ugedeit. Den däitsche Modell ICON stëmmt dësen Iddien zou a gesäit tëscht 50 a knapp 80 l/m² Nidderschlag op eis duerkommen. Den englesche Modell UKMO ass mat tëscht 50 a 65 l/m² dobäi.


D’Reenzomme bis e Sonndenowend spéit, berechent vum amerikanesche Wiedermodell GFS | Grafik: wxcharts.com

Et stinn also zimmlech sécher immens naass Zäiten un. Phase mat méi staarkem Nidderschlag wieren de Mëttwochmoien, den Donneschdenowend, de Freidenomëtten/Owend, de Samsdenomëtten, a méiglecherweis och de Sonndenowend.