Virleefege Bilan: 2023 gëtt zu Lëtzebuerg dat drëttwäermst Joer zanter 1838

Wéi de nationale Wiederdéngscht vun der ASTA an engem virleefege Bilan matdeelt, gëtt d’Joer 2023 zu Lëtzebuerg dat drëttwäermst zanter 1838. Et war awer och däitlech ze naass.

Advertisement

Advertisement

Iwwerduerchschnëttlech héich Temperaturen

De virleefege Bilan weist: D’Duerchschnëttstemperatur vum Joer 2023 louch bei 10,8°C, dat ass 0,9°C iwwert dem Duerchschnëttswäert vun der Referenzperiod vu 1991-2020. Déi ze héich Temperaturen hu sech iwwert all d’Joreszäiten erstreckt, ausser d’Fréijoer. Den Hierscht 2023 war den zweetwäermste bis ewell, d’Norm gouf an der Stad ëm duerchschnëttlech +2,6°C iwwertraff.

Et huet ze vill gereent

Wat engem dëst Joer och sécherlech opgefall ass, war de ville Reen. D’Méint Mee bis Juli waren zimmlech dréchen, mee dunn ass am Oktober d’Reenzäit ugaangen. An der Stad huet et doduerch ëm +65,2 l/m² ze vill gereent, un der Referenzstatioun zu Aaselbuer waren et esouguer +140 l/m². Un de véier Referenzstatioune vun der ASTA huet et d’Joer iwwer duerchschnëttlech 956,97 l/m² gereent, wat 24% (+187,13 l/m²) iwwert der normaler Zomm vun 769,84 l/m² läit.

De Klimawandel zu Lëtzebuerg

AgriMeteo mësst zanter 1838 Wiederdaten zu Lëtzebuerg, dat u 39 verschiddene Wiederstatiounen. Baséierend op den Donnéeë vun dëse Statiounen war d’lescht Joer, 2022, dat wäermst bis ewell opgezeechent Joer. Wann ee just vun den Donnéeë vun AgriMeteo ausgeet, da kënnt een op de Fazit, dass déi vum Mënsch ugedriwwen Äerderwiermung zu Lëtzebuerg dozou gefouert huet, dass et tëscht de Joren 1861-1890 an 1991-2020 ëm 1,5°C méi waarm ginn ass. Vun der ganzer Period, an där gemooss gëtt, goufen tëscht 2003 an 2023 déi 10 wäermst Jore registréiert.