Vitesse bis 104 km/h: Stuerm BENNET fuerdert 1 Doudesaffer

D’Stuermdéif BENNET ass um gëschtrege Méinden iwwer Lëtzebuerg ewechgezunn. Leider gouf et awer och Blesséierter an en Doudegen.

Bis zu 104 km/h

De Stuerm BENNET huet sech virun allem tësche 7 an 8 Auer bemierkbar gemaach. Un der Kaalfront koum et zu enger kräfteger Schauerlinn, un där och gläichzäiteg déi stärkst Wandstéiss vum Dag opgetruede sinn. Zu Ëlwen gouf en orkanartëge Wandstouss vun 104 km/h gemooss, d’ASTA-Statioun vu Reiler loung mat 96 km/h nëmme knapp dohannert. Während dem Passage vun der Kaalfront konnt un der Météo Boulaide Wiederstatioun e Stuermstouss vun 78,9 km/h registréiert ginn.

Wou d’Front souwäit duerch war, koum et uechtert Land nëmme nach vereenzelt zu Stuermstéiss. Eng weider Front, déi eis no 12 Auer passéiert huet, sollt dat awer änneren. Iwwerdeems et am Norde baal onverännert virugaangen ass, goufen dëskéier am Süden déi méi héich Wandvitessen areecht. Zu Beetebuerg goufen 93 km/h gemooss, zu Péiteng an och um Findel gouf et mat Vitesse vu bis zu 91 km/h schwéier Stuermstéiss.

Net nëmme Schauere sinn iwwert eis ewechgezunn, lokal waren et souguer Donnerwiederen. Ënnert dësen Donnerwiedere koum et och mol zu Knëppelsteng, mee haaptsächlech och zu de stärkste Stuermstéiss.

Stuerm fuerdert 1 Doudesaffer

Onmëttelbar nom éichte Frontenduerchgang um Méindemoie koum et am Blummendall zu engem trageschen Ongléck. E Bam ass op en Trakter an uschléissend op en Auto, deen aus dem Géigeverkéier koum, gefall. Béid Chauffeure goufe schwéier blesséiert, den Automobilist ass méi spéit dorunner gestuerwen.

Wandspëtzten 04.03.2019