Vu muer un geet d’Warscheinlechkeet fir e bësse Reen bei eis an d’Luucht. En eenzelt Donnerwieder ass och mol dobäi, nëmmen am Fall vun enger Ausnam ass Staarkreen méiglech.
Eng Kalfront passéiert eis
Muer um Donneschde passéiert eis eng Kalfront. A liicht instabile Loftmasse geet d’Warscheinlechkeet fir Schaueren, mee awer och de Risk fir e lokaalt Donnerwieder an d’Luucht.
Um Donneschde si nach eng Kéier en Tick méi Wolleken ënnerwee, vum fréie Mëtten u geet d’Warscheinlechkeet fir Reen an d’Luucht. Dësen trëtt net flächendeckend op an ass och net besonnesch staark, mee d’Natur freet sech iwwer all eenzel Drëps déi se kritt. Vum fréie Nomëtte bis an den Owend era ka sech, eben duerch eng geréngfügeg Instabilitéit, fläit och e vereenzelt Donnerwieder drënnermëschen. Och hir Intensitéit géif sech a Grenzen halen, nëmmen am Fall vun der absoluter Ausnam wier kuerzzäitege Staarkreen dobäi esouwéi och klengkäreg Knëppelsteng. A Richtung fréie Freidemoie geet d’Reewarscheinlechkeet zréck.
Bis dohi rechnen d’Modeller mat akkumuléierte Reenzommen vun tëscht 2 a 6 l/m². Net d’Welt, mee wéinstens eppes.
Weider Entwécklungen a Saachen Donnerwieder
Fir déi nächst Woch si sech d’Modeller nach net besonnesch iwwer konkret Donnerwiederlagen eenz. Fakt ass awer, dass aus aktueller Siicht gesinn de Risk vun enger Donnerwiederlag vu Mëtt der Woch erëm an d’Luucht wäert goen.