Vu muer un: D’Temperature klammen erëm op 34 Grad

Déjà vu! An erëm, an erëm... de Summer dréint nach eng Kéier esou richteg op.

Finall vum meteorologesche Summer

Et ass wuel déi grouss Finall vum meteorologesche Summer 2022, den 1. September ass e nämlech eriwwer. A bis dohi klammen eis Temperature nach eng Kéier däitlech an erreechen erëm iwwerduerchschnëttlech héich Wäerter fir d’Joreszäit.

Lokal bis zu 34 Grad méiglech

Duerch déiwe Loftdrock iwwer westlechen Deeler vun Europa, haaptsächlech awer nërdlech vun de britteschen Inselen & héije Loftdrock iwwert dem Kontinent selwer an och méi wäit iwwert dem Osten – ginn erëm héichsummerlech Loftmassen op Lëtzebuerg transportéiert. D’Grousswiederlag ass also weiderhi genee déi selwecht wéi all déi aner Kéieren och, wou d’Temperaturen op däitlech méi wéi 30 Grad geklomme sinn.


Erëm erstreckt sech eng Waarmloftzong aus dem Süde vun Europa op Lëtzebuerg erop | Grafik: wxcharts.com

Muer um Mëttwoch klammen d’Wäerter spierbar. Esou sinn am spéidere Nomëtte Maximalwäerter vun tëscht 29 an 33 Grad ze erwaarde, punktuell begrenzt kann och mol eng 34 Grad net ausgeschloss ginn. Den Donneschde gëtt net vill anescht: 30 bis 34 Grad stinn um Programm. Um Mëttwoch zéien e puer eenzel Wolleken duerch, den Donneschden ass den Himmel bis an de spéideren Owend era gréisstendeels kloer.

Weekend viraussiichtlech manner waarm

Manner waarm, dofir awer nach laang net kal. Fir de Freide si Maximaltemperature vun tëscht 23 a 27 Grad virgesinn, de Samsde sollen et nach 20 bis 25 Grad ginn. De Sonnde kann et net ausgeschloss ginn, dass et mat 23 bis 27 Grad schonn erëm e Stéckche méi waarm gëtt.


Eng nei Iddi vum amerikanesche GFS léisst d’30 Grad an däitlech méi um Méinden zréckkommen | Grafik: wxcharts.com

Den amerikanesche GFS rechent fir de Méinden op ee Neits mat engem Virstouss vun héichsummerleche Loftmassen, déi eis d’33 Grad erëm zréckbrénge géifen. Den europäeschen ECMWF ass nach méi zréckhalend ënnerwee a gesäit grad emol Wäerter vun tëscht 22 a 26 Grad. Mir bleiwen drun.