Vum Owend bis an de Méindemoien eran: Risk vu lokal kräftegen Donnerwieder

D'Wiedermodeller rechne wärend der Nuecht mat méigleche Schaueren mee och deels méi kräftegen Donnerwieder, déi sech mat Knëppelsteng, staarke Wandstéiss a Staarkreen an der Groussregioun bemierkbar maache sollen.

Resumé

Um Sonnde gëtt et iwwer Mëtteleuropa erëm héichsummerlech waarm mat Temperaturen, déi erëm un den Enn-30er kraze kënnen. Iwwerdeems am Laf vum fréie Nomëtte besonnesch iwwer Deeler vun Holland & Norddäitschland éischt lokal begrenzt Schliet méiglech sinn, kënnt um spéideren Owend eng Déifdrockzon am BeNeLux-Raum un.

Dës zitt sech vu Mëttelfrankräich iwwert eis bis an den Oste vun Däitschland eran. Innerhalb vun dëser Zon soll et virun allem vun den Owesstonnen un iwwer Frankräich ufänken ze brodelen, ier d’Entwécklungen entlaang dëser Zon, wéi un engem Seel, a Richtung Nordoste virunzéien. D’Donnerwiederneigung klëmmt am BeNeLux-Beräich eréischt um spéideren Owend an erstreckt sech bis an de fréie Méindemoien eran.


Simuléiert Radar-Reflektivitéit vum AROME | Grafik: wxcharts.com

Ënnert de kräftegste Segmenter/Zellkäre besteet de Risk vu Knëppelsteng, staarke Wandstéiss bis hin zu Stuermstéiss an och zolittem Reen. Lëtzebuerg läit och am Risikogebitt, mee wéi genee et kënnt bleift weiderhin ofzewaarden. Météo Boulaide hält Iech stänneg um Lafenden.