Vun haut op muer: Temperature falen ëm 33 Grad zu Denver, Colorado

Zu Denver, Colorado an den USA ass an de nächste Stonne mat engem dramateschen Temperaturréckgang ze rechnen.

Stellt Iech vir, Dir sonnt Iech oder verbréngt haut bei knallwaarme 35 Grad den Dag um Séi – …an a manner wéi 24 Stonnen drop schneit et bei Temperature vu just nach ëmt de Gefréierpunkt. Dës Konditioune ginn an de nächste Stonnen am US- Bundesstaat Colorado d’Realitéit. D’Konstellatioun aus engem Déifdrockgebitt iwwert dem Nordoste vum nordamerikanesche Kontintent an engem Déif iwwert de Great Plains ass dofir verantwortlech, dass polar Loftmassen gréisser Deeler vum Kontintent fluten.


D’Konstellatioun vun der Grousswiederlag fir den Dënschden, 08. September 2020 12UTC | Grafik: wxcharts.com

Besonnesch staark mecht sech dëst zu Denver, Colorado bemierkbar. De Wiedermodellrechnunge no ginn haut am Méindenomëtten héichsummerlech 35 Grad areecht. Iwwer Nuecht kommen déi polar Loftmassen un an drécken d’Temperature färem erof. Bei ëmmer méi niddregen Temperature soll et schonn muer de Moie géint 08 Auer hirer Zäit ufänke mat schneien. Dagsiwwer sollen d’Temperature just nach bei ëm 2 Grad leien – en extreme Kontrast vun 33 Grad! Knapp westlech vun Denver, an der Ëmgéigend vun den Idaho Springs, solle bis zu 42 cm Neischnéi zesummekommen.