
Nëmme lokal warnrelevant Vitessen
Fir de Sonndenowend ware Wandspëtzten ugesot, déi sech gréisstendeels ënnert der Schwell vun enger gieler Wiederwarnung ophale sollen, nämlech am Beräich vun tëscht 60 a 75 km/h. Lokal wier awer eppes driwwer net ausgeschloss, dowéinst gouf awer op eng giel Wiederwarnung zréckgegraff. E weidere Parameter, deen dofir geschwat huet, waren deels méi kräfteg Schaueren an och mol déi eng oder aner Blëtzentluedung – am Beräich vun dësen war de Risk vu Stuermstéiss erhéicht. De Maximum gouf an der Warnung mat bis zu 85 km/h definéiert.
Elo, wou mir op déi tatsächlech Donnéeën zréckkucke kënnen, kann een de Fazit zéien, dass d’Wandspëtzte meeschtens bei tëscht 55 a 70 km/h ënnerwee waren. Déi héchst Vitessen hate mir un der Kachelmann-Wiederstatioun Stad-Pescatore mat 78 km/h, opgetrueden am Beräich vu méi kräftegem Reen. E weidere Stuermstouss gouf et dann och nach zu Ëlwen mat 76 km/h. Knapps hannendrun, mee kee Stuermstouss, ass Käerjeng-Kënzeg mat 74 km/h an duerno Stengefort mat 72 km/h.