Wanter-Outlook: Ab dem Mëttwoch bësse Schnéi zu Lëtzebuerg

An den Alpen leien deelweis ëm 4 Meter Schnéi, Lëtzebuerg huet bisewell nach näischt ofkritt. Duerch de Frontesystem vun engem Stuermdéif, waat um Dënschden an um fréie Mëttwoch duerchzitt a nachengkéier duerch e weidere Frontenduerchgang um Freiden wärt sech daat awer méiglegerweis änneren.

Net vill, mee wéinstens eppes

D’Stuermdéif BENJAMIN zitt den Dënschden vum Norde vun Däitschland iwwer d’Ostséi a Richtung polnesch/tcheschech Grenz a bréngt zumools an Däitschland verbreet stiermësche Wand bis Stuerm mat sëch. Hei zu Lëtzebuerg kënnt et héchstens op de Koppe mol zu Spëtzte vun ëm 75 km/h, soss misste mir eis awer meechtens am net-warnrelevante Beräich ophaalen. Et gëtt ëmmer rem naass – duerch Temperaturen, déi tëschen 2 a 6 Grad leie wärte, kënnt et awer héchstens op de Koppe mol zu Schnéireen. Meechtens wärt et also nach reenen.

An der Nuecht op de Mëttwoch suergt daat kräftëgt Héich iwwert dem Atlantik an d’Déif BENJAMIN vir den Zoufloss vu polare Loftmassen a Richtung Mëtteleuropa a soumadden och Lëtzebuerg. Modellrechnunge no si weiderhi liicht Nidderschléi ze erwaarden, déi duerch Temperaturen, déi an der Nuecht op de Koppe vum Land op 0 an am Guttland op 4 Grad faalen, als Schnéireen an och als Schnéi eroofkomme kënnen. Op der nördlechster Spëtzt vum Land kéinten dem franséische Wiedermodell ARPEGE no ëm 3 cm faalen, de Recht vum Éisléck soll tësche baal näischt an 2 cm kréien. Och am Süde wier punktuell mol en dënne Flom ze erwaarden. Den amerikanësche Modell GFS rechent am Groussdeel vum Land mat engem dënne Flom vu 0,5 bis 1 cm. Den däitschen ICON an de franséischen AROME gesinn héchstens op de Koppe mol minimal Usammlunge vu Schnéi.

Waat kann een dorauser schléissen? An der Nuecht op de Mëttwoch souwéi och um Mëttwoch selwer kënne geréng bis kleng Quantitéiten u Schnéi eroofkommen, déi awer kaum nennenswert wärte sinn. Trotzdem kënnen d’Stroossen awer mol unzéien, soudass et glaat ka ginn. Eng weider Front kënnëgt sech vir de Freiden un, wou rem en ähnlechen Szenario ustoe kéint, waat d’Schnéihéicht ugeet.

Akkum. Schnéi vir Lëtzebuerg & Däitschland (wxcharts.eu)

Nachengkéier markante Neischnéi vir d’Alpen

An den Alpe leien tëschen 1 a 4 Meter Schnéi. Um Dënschden zitt de Frontesystem vum Stuermdéif BENJAMIN iwwer Däitschland ewech a schëppt weider Schnéischaueren a Richtung Alpen, déi do zum Deel bis den Donnëschdenowend stieche bleiwe kënnen. Modeller no si nachengkéier 20 bis 100 cm méigleg, virun allem a Staulage kënne Quantitéite vun 150 cm net ausgeschloss ginn. Medien aus Éisträich mellen, dass d’Lawinne-Geforestuf ënner Ëmstänn vu 4/5 op 5/5 ugehuewe kéint ginn.

Um Freide sinn duerch eng weider Schnéifront nachengkéier 20 bis 50 cm net onméigleg. Et sief awer unzemierken, dass an Tëschenzäit och e bëssen eppes wechschmëlze wärt.

Zäitno Onwiederwarnunge vir Éisträich fannt Dir ëmmer topaktuell ënnert dësem Link.

Akkum. Neischnéi bis den Donnëschdemëtten (wxcharts.eu)