NOAA: Wanter kéint ze naass an ze mëll ausfaalen

Aussergewéinleche Summer = aussergewéinleche Wanter? An dësem Artikel geheie mir zesummen en éichte Bléck op déi méigleg Entwécklung vum Wanter.

Estimatioune, keng Prévisioune

Mir hu mëttlerweil meteorologëschen Hierscht, soudass sou lues ëmmer méi d’Fro opkënnt, wéi da wuel de Wanter ausfaale wärt. Nodeems de Summer schon aussergewéinlech waarem war, gëtt gäre mol behaapt, dass och de Wanter sech dementspriechend verännere géif.

Ier mir op déi aktuell Berechnungen ze schwätze komme, hei nach eng kleng Info: Artikle vu Medien, déi eng Prognos vir en Zäitraum beschreiwen, dee nach méintewäit an der Zukunft läit, sinn zimmlech onserieux a schwachsinnëg. Se hunn oft näischt mam tatsächleche Schlussresultat ze dinn. Mee wéi kommen déi iwwerhaapt dodrop? A wouhier huelen dës hier Informatiounen?

D’Äntfert: Laangzäitberechnunge vu Modeller wéi dem Climate Forecast System (CFS), déi een ausféierlech an an alle Variante vir déi verschiddenst Parameteren op der Websäit vun der NOAA (National Oceanic and Atmospheric Administration) fënnt. Dës ginn de Leit oft just falsch erklärt an och als Prognos ofgestempelt, obwuel et sech just em Schätzungen handelt.

Waat kann een dann elo scho soen?

Mir kucken elo mol zesummen, waat de Laangzäitmodell CFS da lo vir déi nächst Méint berechent. Ugefong mat der Temperaturanomalie op 2 Meter Héicht, also bei eis um Buedem. Vir d’Grafike méi grouss unzekucken, musst Dir einfach nëmmen drop klicken/tippen.

November

Dezember

Januar

Februar

Dem aktuelle Stand no sollen d’Méint November, Dezember, Januar a Februar iwwerduerchschnëttlëch waarem ausfaalen. Demno wier mat engem éichter mëlle Wanter ze rechnen, dee méiglegerweis och net vill Schnéi oder net laang Schnéiperiode mat sech brénge kéint.

Folgend Grafike weisen d’Anomalie vun de Nidderschlagsquantitéite Mount vir Mount:

November

Dezember

Januar

Februar

Dem aktuelle Stand no wärt de November mat normale Nidderschlagsquantitéiten oflaafen. Den Dezember an de Januar kéint et da liicht ze naass ginn, ier de Februar viraussiichtlech rem e normale Mount gëtt.

Fazit

Sollten dës Laangzäitberechnungen tatsächlech zoutreffen, da wier mat engem éichter mëllen a naassem Wanter ze rechnen. Et soll een daat ganzt awer souwisou nach net all ze eecht huelen, am Laaf vun de nächste Méint ka nach sou munches un de Simulatiounen änneren. D’Resultater vun dësem Modell solle just eng ongeféier Richtung uginn, an déi et goe kéint. Soubaal eng verlässlech Prognos a Reechwäit ass, gidd Dir daat selbstverständlech hei gewuer.