Wanterpneuen: Et gëtt héich Zäit! De Wanter kënnt sou lues…

Opgrond vun den iwwerduerchschnëttlech héigen Temperaturen aus de leschte Woche si nach vill Leit ouni Wanterpneuen ënnerwee. An de nächsten Deeg sollt ee sech daat zwee mol iwwerleeën.

Markanten Temperaturréckgang ze erwaarden

Et ass mëttlerweil als héchstwahrscheinlech anzestufen, dass eis ab dem nächste Méinden däitlech méi kill Loftmassen aus östleche Richtungen ereeche wärten. Ier et awer esouwäit ass, bleiwen eis Temperature mol nach an engem Beräich, dee sech dagsiwwer vu 5 bis 12 Grad erstreckt. Vum Samsden un ass an de Nuechte verbreet mat Buedemfrascht a lokal och glaate Stroossen ze rechnen.

Ab der neier Woch, also dem Méinde, beweege sech d’Temperaturen och am Dag ëmmer méi am Beräich vum Gefréierpunkt. 2 bis 5 Grad si Méindes dagsiwwer ze erwaarden, um Dënschde wieren et den aktuelle Modellrechnunge no scho nëmme méi -1 bis 4 Grad. An den Deeg drop wärt et viru kill bleiwen, mat enger héiger Wahrscheinlechkeet vu glaate Stroossen an de Nuechten.

Ass Schnéi ze erwaarden?

Et ass ëmmer nach sou, dass d’Modeller bis Enn November nëmme wéineg Nidderschléi vir Lëtzebuerg simuléieren. Ab dem Méinden, genau dann, wou d’Temperaturen ufänken däitlech zréckzegoen, klëmmt d’Wahrscheinlechkeet vu liichte Nidderschléi. Dës kënnen dann je no Auerzäit a Géigend och mol als eppes aneschters wéi Reen eroofkommen, wouduerch de Risk vu glaate Stroossen haaptsächlech an de Nuechten nachengkéier erhéicht wier. Zur Fro ob eng Schnéicouche bis den éichten Dezember méigleg ass: Theoretësch jo, mee méiglegerweis keng déck. Wanterpneue sinn an de nächsten Deeg op alle Fall ubruecht, ob Schnéicouche oder net.

GEFS Ensemble (meteociel.fr)